Cyrillus (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Cyrillus
Koordinaten 13°17'24"S, 24°4'12"O
Duerchmiesser 98,09 km
Déift 3.400 m
Selenographesch Längt 335° bei Sonnenopgank
Genannt no Kyrill vun Alexandria
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ20
De Moundkrater Theophilus an (am Hannergrond) de Cyrillus. Lénks de Moundkrater Mädler. Foto: Apollo 16, NASA

De Moundkrater Cyrillus ass eng kreesfërmeg Muld am Buedem vum Äerdmound no bei der visueller Moundmëtt. Hien huet – wéi vill sougenannt Rankbierger – en héije rankfërmege Kraterrand, deen awer staark erodéiert ass a vum Nopeschkrater Theophilus eppes iwwerschnidde gëtt. An der Kratermëtt stinn nach d'Reschter vun e puer Zentralbierger.

Den Cyrillus bilt mam Theophilus an dem Catharina eng charakteristesch Dräiergrupp, déi ronn 2 Deeg ier den Hallefmound méi grouss gëtt, op der Schietgrenz läit an dofir besonnesch däitlech ze gesinn ass.

Genannt sinn d'Rankbierger nom nordafrikanesche Bëschof Cyrillus vun Alexandria, dem Nofollger vum Theophilus.

Säin Duerchmiesser ass 95 Kilometer, seng Ramplishéicht läit bei 4–5 km. Wéi bal all Moundkrater ass hien duerch den Aschlag vun engem grousse Meteorit entstanen, deen en Duerchmiesser vu ronn 5 km hat. Wéinst dem Materiel dat bei der Explosioun erausgeworf gouf, läit de Fong vum Aschlagkrater eppes méi déif wéi d'Ëmgéigend.

D'Koordinate vum Cyrillus leien tëscht 12 a 15° südlecher Breet an 22–26° westlecher Längt. De bannenzege Rampli huet - geneesou wéi den Theofilus - Terrassen, wat d'Zwillingskrater bei sträifendem Liicht zu engem schéine Moundobjet mécht.

Niewekrateren[änneren | Quelltext änneren]

Cyrillus Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
A -13,81° S 23,08° O 13,69 km
C -12,38° S 21,48° O 11,75 km
E -15,92° S 25,28° O 10,46 km
F -15,33° S 25,46° O 43,9 km
G -15,68° S 26,6° O 7,76 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]