Cyrus Neshvad
Cyrus Neshvad | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent |
De Cyrus Neshvad (och Syrus)[1], gebuer zu Teheran[1] (Iran), ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a -produzent.
Wéi e fënnef Joer al war, ass seng Famill aus dem Iran geflücht. Zanterhier wunnt hien zu Lëtzebuerg.[2] No senger Première am Lycée Michel Rodange, huet hien op de Filmschoulen zu Montpellier an zu Paräis studéiert. Hien huet eng Maîtrise cinéma vun der Université Vincennes à Saint-Denis an en Diplôme réalisation vun der École supérieure de réalisation audiovisuelle.
Filmer[änneren | Quelltext änneren]
- 2023: La valise rouge (18 min.)
- 2019: Portraitiste (15 min) mam Hervé Sogne, Albert Delpy, Lysa Welschen, Brigitte Urhausen an Annette Schlechter
- 2016: Fils (Son) (15 min) mam Hervé Sogne a Brigitte Urhausen als Schauspiller produzéiert vu Syneco
- 2014: Antoine (12 min) mam Max Pütz, Annette Schlechter a Raoul Schlechter als Schauspiller produzéiert vu Syneco mat der Kollaboratioun vun Independant Spirit Productions
- 2012: L'orchidée (13 min) mam Fernand Fox a Marc Olinger als Schauspiller, produzéiert vu Syneco mat der Kollaboratioun vun Independant Spirit Productions.
- L'orchidée krut 9 Präisser: Prix du réalisateur um Filmfestival vun Armoricourt 2012. Prix professionel du jury um Festival vu Mulhouse. Prix du public um International Short Film Festival zu Lëtzebuerg. Prix du jury, Prix du réalisateur, Prix de la culture, Prix du public um Filmfestival Les petits claps zu Metz. Prix du public um Filmfestival vu Beauvais 2013
- 2010: En dehors de l'eau (15 min) Dokumentarfilm iwwer d'Immigratioun vun 2 Iraner zu Lëtzebuerg, produzéiert vu Syneco. Prix spécial du jury um Festival Cinémator
- 2009: Numéro 1765 (4 min) produzéiert vu Syneco
- 2008: A l'abri produzéiert vu Syneco. Grand Prix an der Klass toutes catégories um Festival Armoricourt zu Plestin-les-Grèves 2010. Prix du jury bei der Filmakers Night 2009 vun Épisclérite production.
- 2003: Soheila (10 min) Dokumentarfilm iwwer d'Soheila Knaff-Sanie an der Serie Portraits d'artistes produzéiert vu Samsa
- 2001: Charlie (10 min) produzéiert vun Tarantula
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 Mémorial B N° 35 vum 21. Juli 1998, S. 741
- ↑ Déi Emigratioun ass am Film En Dehors de l'Eau thematiséiert.