Op den Inhalt sprangen

D'Ierzenzopp ass gutt

Vu Wikipedia
D'Ierzenzopp ass gutt
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2024
Première 13. Oktober 2024
Dauer 38 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Fred Mersch
Dréibuch Fred Mersch, Erny T. Kohn
Musek Marie-Lou Clonan
Produzent Guiden a Scoute vu Miersch – Grupp St. Michel
Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch
Schauspiller
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

D'Ierzenzopp ass gutt ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm aus dem Joer 2024, produzéiert am Kader vun engem Erënnerungsprojet vun de Guiden a Scoute vu Miersch – Grupp St. Michel an de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch[1] an ënnert der Regie vum Fred Mersch. De Film, mat enger Dauer vu ronn véierzeg Minutten, erzielt eng wierklech Geschicht aus dem Zweete Weltkrich: De 17. August 1943 hunn zwéin amerikanesch Aviateuren, nodeems hire Fliger op der Héicht vun Oochen ugeschoss gouf, an zu Esch bei Bad Münstereifel erofgefall war, sech bis op Miersch duerchgeschloen, wou se vun der lokaler Resistenz verstoppt an ënnerstëtzt goufen. Den Titel bezitt sech op e codéierte Message The pea soup is good vun der BBC, deen hir sécher Heemrees bei d'Alliéiert confirméiert huet.

Ëm wat geet et am Film?

[änneren | Quelltext änneren]

De 17. August 1943 si bei der Operation Double Strike, déi relativ vill Verloschter hat, 357 amerikanesch Bommefligeren an Ostengland gestart fir Nazidäitschland unzegräifen. D'Ziler vun der ganzer Ugrëffsformatioun waren d'Kugellagerwierker vu Schweinfurt an d'Messerschmittfabrécken zu Regensburg. Dorënner war och d'B-17 Flying Fortress mam Numm King Malfunction II. Op hirem Wee Richtung Schweinfurt gouf de Fliger mat 11 Mann Besatzung[2] op der Héicht vu Oochen vun der Flak an vun de Maschinnekanoune vum Oblt. Herbert Kleinschmidt sengem Messerschmitt getraff a schwéier beschiedegt gouf. D'Besatzung huet misse mam Fallschierm ofsprangen. De Pilot Jack B. Painter gouf no senger gegléckter Landung gelyncht[3], 8 koumen der a Krichsgefaangeschaft. Dem Robert E. Nelsen an dem Raymond A. Genz ass hir Flucht duerch d'Südäifel bis op Miersch gelongen.

Hir Flucht goung zu Lëtzebuerg vum Karelshaff bei Colmer-Bierg iwwer Miersch an d'Servaisstrooss op Déifferdeng. Vun hei aus geet et iwwer déi franséisch-lëtzebuergesch Grenz op Hussigny, an da mam Zuch vu Longuyon op Les Ancizes. Dann iwwer d'Pyrenäe bis op Gibraltar an déi englesch Botschaft, wou se Enn Oktober 1943 ukoume fir uschléissend an England op Ridgewell op hir Airbase zeréck ze fléien. Si koumen am Krich net méi an den Asaz.

Déi abenteuerlech Flucht ass nëmme gelongen, well Leit aus der Lëtzebuerger Resistenz sech fir déi zwéin Amerikaner agesat hunn, Membere vun der LVL, der Lëtzebuerger Vollekslegioun an de PI-Men, der Formation des Patriotes Indépendants luxembourgeois. Follgend Resistenzler waren op déi eng oder aner Manéier un dëser Aktioun bedeelegt: de Christian Calmes, de Paul Eichhorn vu Miersch, den Dr Fernand Schwachtgen, den Emile Laux[4], den Tony Hansen[5], Distriktschef vun der LVL a seng Fra Bertha Hansen-Franck, säi Brudder Charel Hansen[6], de Jos Koenig, de Poly Greisen[7] vu Gilsdref, de Pierre Manderscheid[8] vu Bettenduerf, de Benny Hoffmann[9], de Leopold Lieffring, den Néckel Conrad[10], de Brigadier Krack vun der Mierscher Gendarmerie, de Raymond Schmit, Member vun de PI-Men, den Här an d'Madamm Othon Pinth[11], de François Graeve, de Fränz Goldschmit[12], de Louis Joly[13], deen déi 2 Amerikaner iwwer d'Grenz bruecht huet, den Aimé Georges, e franséische Passeur, deen s'an den Zuch gesat huet. Zu Les Ancizes ginn se vum Albert Ungeheuer an dem Marcel Jung empfaangen.

De Präis vun der Flucht

[änneren | Quelltext änneren]

De Präis vun dëser Flucht hunn eng Rei Resistenzler mat hirem Liewe bezuelt:

  • De Charel Hansen gëtt am Oktober 1943 vun der Gestapo verhaft a kënnt op Hinzert, wou hie gefoltert gëtt an de 17. Dezember 1943 stierft.
  • Den Tony Hansen gëtt den 21. November 1943 vun der Gestapo verhaft, hie kënnt op Mauthausen, wou hien den 30. September 1944 zu Doud geschloe gëtt.
  • De Poly Greisen gëtt den 11. September 1944 bei Bruch, zesumme mat sengem Resistenzlerkolleeg Jengi Hemes erschoss.
  • Den Néckel Conrad ass den 1. Mäerz 1944 zu Mauthause gestuerwen.
  • Den Emile Laux gëtt de 25. Februar 1944, zesumme mat 22 aner Resistenzler zu Hinzert erschoss.
  • Den Othon Pinth kënnt zesumme mat senger Fra op Mauthausen, wou hien de 6. Abrëll 1945 stierft.
  • De Pierre Manderscheid stierft de 16. Mee 1945 zu Mauthausen.
  • De Fränz Goldschmit kënnt an d'KZ Natzweiler-Struthof.
  • Den Albert Ungeheuer an de Marcel Jung kommen och op Natzweiler, wou se den 19. Mee 1944 zesumme mam Fränz Goldschmit erschoss goufen.
  • De Josy Goerres iwwerlieft de Krich, well hie mat Zäiten ënnerdauche konnt.
  • De Christian Calmes, de Jos Koenig an de Benny Hoffmann kommen op Hinzert, wou se gefoltert goufen, awer iwwerlieft hunn. Dem Christian Calmes geléngt esouguer d'Flucht ee Mount virun der Befreiung vum Lager.
  • D'Bertha Hansen-Franck bleift zesumme mat hiren 3 Kanner Pol, Emile an Alice zu Miersch an der Servaisstrooss wunnen. Si stierft de 26.November 1976.[14]

Hannergrond an Entstoen

[änneren | Quelltext änneren]

De Film ass Deel vun engem järlechen Erënnerungsprojet fir d'Affer aus der Gemeng Miersch am Zweete Weltkrich ze éieren. All Joer gëtt eng lokal Geschicht verfilmt – vun der Recherche iwwer den Zenario bis bei d'Kostümer an d'Dekoren. Un der Produktioun schaffen eng 40 Leit mat, meeschtens fräiwëlleg, dorënner vill jonk Leit. De Film gewënnt de Jugendpräis 2025 an der Kategorie "One for everything".[15]

D'Produktioun ass komplett fräiwëlleg an am do-it-yourself-Stil gemaach. D'Filmmusek enthält de Liddertheema « Heemechtsland », komponéiert a gesonge vun der Marie Lou Clonan, déi och am Film matspillt[16]. Déi historesch Authentizitéit gëtt duerch en enke Kontakt mat lokal Geschichtsfuerscher garantéiert.

Verëffentlechung

[änneren | Quelltext änneren]

D'Première war am Oktober 2024 an der Kierch vu Miersch am Kader vum Nationale Gedenkdag. Weider Virféierungen hunn am Mierscher Theater, am Kulturzenter vu Kruuchten an an anere Gemenge stattfonnt. De Film ass och iwwer de YouTube-Kanal vun der Gemeng Miersch accessibel.

  • Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch, D'Ierzenzopp ass gutt. D'Buch zum Film, Miersch, 2024, 85 S. ISBN 978-2-87996-105-7

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. YouTube Channel: D'Ierzenzopp ass gutt! (08.11.2024). Gekuckt de 15.08.2025.
  2. Besatzung vum King Malfunction II: Jack B. Painter, Pilot, Robert E. Nelson (1914-1994), Co-Pilot, William J. Keays, Lloyd L. Duke, Matthew B. Kowalski, William C. Balentine, Allen J. Kellogg, Norman G. Whitman, Raymond A. Genz (1914-1993), James C. Mizell, Everett B. Ragan.
  3. cf. D'Ierzenzopp ass gutt. D'Buch zum Film, S. 31. Hie gouf um ziville Kierfecht zu Bad Münstereifel begruewen a gouf nom Krich an d'USA rappatriéiert.
  4. Emile Laux. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  5. Tony Hansen. ons-jongen-a-meedercher.lu/. Gekuckt de 14.08.2025.
  6. Charel Hansen. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  7. Poly Greisen. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  8. Pierre Manderscheid. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  9. Benny Hoffmann. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  10. Nicolas Conrad. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  11. Othon Pinth. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  12. François Goldschmit (ons-jongen-a-meedercher.lu). Gekuckt de 14.08.2025.
  13. Victor Louis Joly. ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de 14.08.2025.
  14. Zum Gedenken an Mme Tony Hansen-Franck, Mersch, Noruff vun der Resistenzlerin Cécile Ries. Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 285 (10.12.1976, S. 9). Gekuckt de 15.08.2025.
  15. D'Laureate vum Jugendpräis 2025. jugendprais.lu. Gekuckt de 15.08.2025.
  16. Marie-Lou Clonan. muvac.com. Gekuckt de 15.08.2025.