D'Symmetrie vum Päiperlek

Vu Wikipedia
D'Symmetrie vum Päiperlek
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2012
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Paul Scheuer
Maisy Hausemer
Dréibuch Maisy Hausemer
Paul Scheuer
Fotografie Carlo Thiel
Musek Jeannot Sanavia
Schnëtt Misch Bervard
Produzent Nicolas Steil
Iris Productions
Schauspiller
Marie Jung als Sophie/Sofia
Frédéric Frenay als Gregori/Georges
Luc Schiltz als Max/Misch
Marc Olinger als Roger/Mett
Marie-Paule von Roesgen als Rosalie
Steve Karier als Dokter am Âge d'Or/PDG Quatel
Fernand Fox als Wiert/Alois
Nora Koenig als Journalistin
Norbert Rutili als Assistent am Âge d'Or/Comité Quatel
Alain Holtgen als Assistent am Âge d'Or/Comité Quatel
Gintaré Parulyte als Assistentin am Âge d'Or/Comité Quatel
Yannick Géraud als Maurice/Emil
Max Thommes als Postbeamten
Véronique Fauconnet als Franséisch Journalistin
Claude Frisoni als Generalsekretär
Brigitte Urhausen als RTL Speakerin
Marc Faber als Buergermeeschter/Direkter vum Ãge d'Or
Dean Constantin als Arbitter zu Veianen
Raoul Schlechter als Hotelsportier
Stefan Weinert als Arbitter zu Kopenhagen
Laurence Streitz als Receptionistin am Hotel du Donjon
Sascha Georges als RTL-Speaker
Germain Wagner als Syldaveschen TV-Speaker
Saesa Kiyokawa als Japanesch TV-Speakerin
David Meyer als Belschen Informatik Expert/Infirmier am Âge d'Or
Thomas Meyer als Belschen Informatik Expert/Infirmier am Âge d'Or
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

D'Symmetrie vum Päiperlek ass e lëtzebuergesche Spillfilm vun AFO Film (Paul Scheuer a Maisy Hausemer), deen am August/September 2011 gedréit gouf. En hat den 8. Mäerz 2012 Première um Festival Discovery Zone a koum den 13. Abrëll 2012 an d'Kinoen.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Schrëftsteller Roger, deen no engem Accident an engem Seniorenheem versuergt gëtt, inspiréiert sech un de Leit ronderëm hien, fir eng nei Geschicht ze schreiwen: De syldawesche Schachweltmeeschter Gregori Sczyrkutah gëtt vun der jonker lëtzebuergescher Spillerin Sophie Latour geschloen, an zitt sech verbattert zeréck. Den Informatiker Max von Allmen, deen e Spëtzeprogramm fir Schach entwéckelt huet, proposéiert dem Gregori, mat sengem Quantecomputer seng Revanche géint d'Sophie ze huelen. Wärend de Max mat der Hëllef vum Gregori seng Software sou programméiert, datt se d'Sophie besser schachmatt setze kann, verléift hie sech an hatt...[1]

Soss[änneren | Quelltext änneren]

D'Figur vum Roger ass en Hommage un de verstuerwene Schrëftsteller Roger Manderscheid.

2012 kruten de Paul Scheuer an d'Maisy Hausemer (Dréibuch) de Lëtzebuerger Filmpräis fir déi bescht kënschtleresch Kontributioun, ex aequo mam André Dziezuk (Musek).

1.900 Leit waren de Film 2012 an de Kino kucken.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Symmetrie vum Päiperlek bei Iris Group.
  2. Pressecommuniqué vun der F.L.E.C, 2013-01-10.