Däitsch-Oth

Vu Wikipedia
Audun-le-Tiche
lb: Däitsch-Oth

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Algrange
Postcode 57390
Gemengecode 57038
Koordinaten 49° 28’ 27’’ N
      05° 57’ 30’’ O
Fläch  1.543 ha
Bevëlkerung  5.949 (2006)

Audun-le-Tiche (op Lëtzebuergesch Däitsch-Oth[1], deels just Oth) ass eng franséisch kleng Stad a Gemeng an der Regioun Grand Est, am Departement Moselle, am Arrondissement Thionville. De Postcode ass 57390. Oth huet 1.547 ha, 2006 hunn do 5.949 Awunner (Audunois) gelieft.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Däitsch-Oth läit op der Grenz mat Lëtzebuerg, Nopeschgemeng ass Esch-Uelzecht. Et erstreckt sech tëscht dem Pays Haut am Südwesten an dem Uelzechtdall am Nordosten.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Réimerzäit war d'Géigend staark bewunnt. Iwwerreschter vun engem Aquedukt zeien heivun. Vun der Merowengerzäit ass eng Nekropol erhale bliwwen. Am Mëttelalter stoung zu Oth e Schlass, an deem d'Häre vu Malberg gelieft hunn. D'Nofollger vun dëse waren déi éischt Schmelzhären. Fréi schonn, a virindustrieller Zäit, gouf Bounäerz verschafft. An der Mëtt vum 18. Joerhonnert goufen déi éischt Grouwen exploitéiert. An den Héichzäite vun der Stolindustrie huet d'ARBED zu Oth 4 Héichiewe bedriwwen. Mä schonn 1964 gouf de leschten Héichuewen ausgemaach. Eng Rëtsch vun de Schmelzaarbechter hunn op de Lëtzebuerger Schmelzen eng Schaff fonnt, bis d'Stolkris an der 1970er Joren och hei eng Schmelz no där aner zougoe gelooss huet.

Mä och haut spillt Lëtzebuerg eng wichteg Roll: Iwwer 70 % vun der aktiver Populatioun schaffen als Frontalier zu Lëtzebuerg.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Audun oder Oth gëtt entweeder op Aquaeductus oder e keltescht Wuert fir "Bësch" zeréckgefouert.

Den Zousaz Däitsch (oder Tiche) huet Oth, fir et vun Audun-le-Roman z'ënnerscheeden, dat eng 15 km weider südlech läit. Déi zwéi Nimm bréngen zum Ausdrock, datt d'Sproochgrenz fréier méi südlech wéi haut, tëscht deenen zwou Uertschafte, verlaf ass. D'Other selwer sinn doriwwer net sou frou, well en un déi däitsch Besatzung 1871 - 1919 an 1940 - 1944 erënnert, wou "Deutsch-Oth" den "offiziellen" Numm war. Déi Escher soe gewéinlech just "Oth".

En ale Lëtzebuerger Numm, dee kaum méi am Gebrauch ass, ass Adicht.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Iwwerreschter vun der Merowenger-Nekropol
  • Espace archéologique an der Uelzechtstrooss

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Däitsch-Oth – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Däitsch-Oth. lod.lu. Gekuckt de(n) 28.06.2022.