Däitsche Foussball-Bond
Ausgesinn
| Däitsche Foussball-Bond | |
|---|---|
|
| |
| Grënnungsdatum | 1900 |
| Memberen | 7.169.327 |
| Sëtz | Frankfurt am Main |
| President | Bernd Neuendorf |
| Member vu(n) | Fédération Internationale de Football Association, UEFA, Deutscher Olympischer Sportbund, Bundesnetzwerk Bürgerschaftliches Engagement |
| Websäit | https://www.dfb.de/ |
|
| |
Den Deutscher Fußball-Bund (kuerz DFB) ass de Verband vun den däitsche Foussballveräiner. E gouf am Januar 1900 zu Leipzig an Däitschland gegrënnt. Bis haut sinn an dësem Verband iwwer 26.000 Veräiner a méi wéi 6 Millioune Memberen affiliéiert an ass domat de gréisste Sportverband vun der Welt.
Den DFB gliddert sech a fënnef Regionalverbänn mat 21 Landesverbänn. Iwwer zwou Millioune Membere sinn an 170.000 Ekippen aktiv. Den DFB huet 870.000 weiblech Memberen a stellt 8600 Fraen- a Meederchersekippen. D'Maskottche vum DFB ass zanter Mäerz 2006 offiziell, eng Figur déi engem Aadler gläicht, mat schwaarze Plommen a gielem Schniewel mam Numm “Paule”.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Däitsche Foussball-Bond – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) www.dfb.de Offiziell Websäit
