Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen

Vu Wikipedia
Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen
Den Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Clausen
Adress rue Jules-Wilhelm
Fläch 1,0963 ha
Koordinaten 49° 36’ 55.1’’ N
      06° 08’ 25.7’’ O
Gestioun Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge


Den däitschen Zaldotekierfecht a Clausen läit laanscht d'Jules Wilhelm-Strooss, déi vu Clausen erop op de Kierchbierg féiert.

De Kierfecht besteet aus zwéin Deeler, déi op verschidden Niveauen am Hank leien. Op dem ieweschten Deel leien d'Griewer vun 205 Zaldoten aus dem Éischte Weltkrich. Hir Nimm stinn op zwou Placke bei der Trap déi op de Kierfecht erof féiert.

Op dem ënneschten Niveau fënnt een d'Griewer vun 262 Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich. Déi aner Griewer op dësem Niveau stamen aus dem Krich vun 1813 géint den Napoleon. Méi spéit goufen do an de Joren 1815-1866, an der Zäit vun der preisescher Garnisoun, Offizéier an Zaldote begruewen, déi an der Garnisoun gestuerwe waren. Do kommen nach d'Affer vum Franséisch-Preisesche Krich vun 1870-1871 derbäi.

De Volksbund Deutsche Kriegsgräberfürsorge këmmert sech ëm den Ënnerhalt vun de Griewer a Clausen an ëm déi um däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bodo Bost: An den Soldatengräbern - Alter preußischer Garnisonsfriedhof zum Soldatenfriedhof umfunktioniert - Die Warte vum 23. Oktober 2014, S. 5

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Däitschen Zaldotekierfecht a Clausen – Biller, Videoen oder Audiodateien