Deutschland Tour

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Däitschland-Tour)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Deutschland Tour ass eng Etappecourse mam Vëlo déi an Däitschland gefuere gëtt.

Deutschland Tour 2006 - 6. Etapp

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Vum 21. bis de 27. Mee 1911 ass d'Course fir d'éischt gefuer ginn. Den Depart vun der Ettapecourse mam deemolegen Numm Quer durch Deutschland iwwer eng total Distanz vu 1.493 km war zu Breslau. D'Arrivée vun der sechster a leschter Etapp war zu Oochen. Organisateur war d'Allgemeine Radfahrer-Union déi vun der daïtscher Vëlosindustrie finanziell ënnerstëtzt gouf.

De Nicolas Frantz ass 1931 an där Course, déi dat Joer Internationale Opel-Deutschland-Rundfahrt geheescht huet, op déi drëtt Plaz komm.

1947, bei der éischter Oplo vun der Course nom Krich ass keen Tour an Etappe gefuer ginn. D'Grünes Band vom Rhein, wéi d'Course an deem Joer geheescht huet, war e Generalklassement dat aus sechs Kriteriume bestanen huet, déi an engem Zäitraum vu sechs Méint gefuer goufen. Et waren dat d'Kriteriume vu Solingen, Bonn, Düsseldorf, Köln, Oochen a Mönchengladbach.

Den Herrmann Schwartz huet et 1948, mat Hëllef vu Partner déi him fianziell an organisatoresch zur Säit stoungen, fäerdegbruecht erëm en Tour mat aacht Etappen op d'Been ze stellen. D'Course huet deemools d'Grüne Band der IRA (Interessengemeinschaft Radsport) geheescht. Nodeem d'Course ouni Ënnerbriechung all Joer vun 1948 bis 1952 gefuer gouf, war et mam Doud vum Herrmann Schwartz mat deem Kapitel op en Enn.

Duerno huet am Joer 1955 d'Zweeradfirma Fritz Wenk dofir gesuergt dat d'Course erëm gefuer géif ginn. Et ass awer bei der Première bliwwen.

Vun 1960 bis 1963 ass d'Internationale Afri-Cola Deutschland-Rundfahrt gefuer ginn.

No enger laanger Paus ass 1979 probéiert ginn d'Course erëm ze relancéieren an dat mat Hëllef vum Titelsponor Vitamalz. Déi éischt Oplo mam Numm Internationale Vitamalz-Rundfahrt war awer zu gläicher Zäit déi lescht.

Vun 1980 bis 1982 gouf d'Deutschland-Rundfahrt vun der Firma Sport Promotion G.m.b.H organiséiert. Nodeem déi Firma en Defizit vun 300.000 DEM (ronn 153.000 EUR) op der Lee hat, war et virleefeg eriwwer mat der Course.

En neien Ulaf ass 1998 geholl ginn andeems déi däitsch Vëlosfederatioun Bund Deutscher Radfahrer e. V. an d'hamburger Sportsfirma Upsolut Sports A.G. d'Firma Deutschland Tour G.m.b.H. gegrënnt ginn ass. Dës Firma huet als Zweck fir an Däitschland eng Etappecourse z'etabléieren an ofzewéckelen. Op déi Manéier goufen d'Virausetzunge geschaf fir d'Deutschland Tour, wéi d'Course zanter der Neioplo am Joer 1999 heescht, erëm all Joer ënner professionelle Bedéngungen z'organiséieren. Tourdirekter ass zanterhier de Kai Rapp, Direkter vun der Deutschland Tour GmbH.

Vun 2009 bis 2017 gouf den Tour op Äis geluecht. Haaptgrënn waren datt déi däitsch Tëleeschaînen ARD an ZDF d'Tour net live op der Tëlee wollte weise, an doduerch e ganze Koup u Recetten duerch Sponsoring ewechfalen.

Zanter 2018 gëtt d'Tour nees gefuer, Organisator ass d'Amaury Sport Organisation.

Den Andy Schleck beim Eenzelfuere géint d'Zäit den 8.8.2006 am "Deutschland Tour"

D'Gewënner[änneren | Quelltext änneren]

Quer durch Deutschland[änneren | Quelltext änneren]

Großer Preis von Deutschland[änneren | Quelltext änneren]

Großer Opelpreis von Deutschland[änneren | Quelltext änneren]

Deutschland Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

Internationale Opel-Deutschland-Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

Internationale Deutschland-Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

1937: Otto Weckerling Däitschland
1938: Hermann Schild Däitschland

Großdeutschlandfahrt, Deutschland-Rundfahrt für Berufsfahrer[änneren | Quelltext änneren]

Das "Grüne Band vom Rhein"[änneren | Quelltext änneren]

Das "Grüne Band der IRA", kleine Deutschland-Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

Das "Grüne Band der IRA", Quer durch Deutschland[änneren | Quelltext änneren]

Deutschland-Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

1950: Roger Gyselinck Belsch
1951: Guido de Santi Italien
1952: Isidore Derijck Belsch
1955: Rudi Theißen Däitschland

Internationale Afri-Cola Deutschland-Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

1960: Albert Geldermans Holland
1961: Friedhelm Fischerkeller Däitschland
1962: Peter Post Holland

Internationale Vitamalz-Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

Deutschland-Rundfahrt[änneren | Quelltext änneren]

1980: Gregor Braun Däitschland
1981: Silvano Contini Italien
1982: Theo de Rooy Holland

Deutschland Tour[änneren | Quelltext änneren]

1999: Jens Heppner Däitschland
2000: David Plaza Spuenien
2001: Alexander Vinokourov Kasachstan
2002: Igor Gonzalez de Galdeano Spuenien
2003: Michael Rogers Australien
2004: Patrik Sinkewitz Däitschland
2005: Levi Leipheimer  USA
2006: Jens Voigt Däitschland
2007: Jens Voigt Däitschland
2008: Linus Gerdemann Däitschland
2009-2017 net gefuer.
2018: Matej Mohorič Slowenien
2019: Jasper Stuyven Belsch
2021: Nils Politt Däitschland

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Deutschland Tour 2006 – Biller, Videoen oder Audiodateien