Déifferdenger Schlass

Vu Wikipedia
Déifferdenger Schlass
D'Déifferdenger Schlass, 2011.
Land Lëtzebuerg
Gemeng Déifferdeng
Plaz Déifferdeng
Adress Avenue Charlotte
Koordinaten 49° 31’ 17’’ N 05° 53’ 18’’ E
Baustil Renaissance
Proprietär ArcelorMittal

D'Déifferdenger Schlass ass e Schlass zu Déifferdeng, an deem haut de Campus vum Miami University John E. Dolibois European Center ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Déifferdenger Schlass gouf, enger Quell vun 1310 no, vun engem Brudder vum Ritter vun Zolwer, dem Wëllem vun Déifferdeng, als Buerg gegrënnt. 1400 war dës Famill ausgestuerwen. Am 15. Joerhonnert gouf d'Maria vun der Bourgogne, d'Duechter vum Karel dem Kéngen, an hire Mann Maximilian Proprietär vun der Buerg. 1480 bis 1489 war dat de Claude vun Neuchâtel, Här vu Fay a Grancy.

1552 ass d'Buerg verbrannt. Si gouf op Uerder vun der Anne vun Isenburg (Isembourg), déi duer wunne koum, 1577 am Renaissance-Stil nees opgebaut, e Waassergruef a Schéissschaarte goufen ugeluecht. An de Joerhonnerten duerno gouf ënner verschiddene Proprietären, ëmmer nees aus- an ëmgebaut. D'Schlass a seng Lännereien hunn ë. a. de Famille Metternich an Hohenzollern-Sigmaringen gehéiert. Zanter dem 17. Joerhonnert hunn d'Adelsfamille selwer net méi am Schlass gewunnt.

Am 18. Joerhonnert koum d'Schlass un d'Famill d'Arnould. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet d'Famill de Cressac d'Schlass iwwerholl. D'Ierwen hunn et 1914 un d'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG verkaaft; et ass zanterhier am Besëtz vun deene Gesellschaften, déi d'Déifferdenger Schmelz bedriwwen hunn, respektiv bedreiwen (Hadir, duerno Arbed, Arcelor an haut Arcelor Mittal). Et gouf vun der Hadir an e Casino emgebaut, fir héich Gäscht z'emfänken.

Zanter 1997 gëtt d'Schlass vum Miami University John E. Dolibois European Center gelount, déi do hire Campus installéiert huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Déifferdenger Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]