Déifferdenger Schmelz

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vue op d'Défferdenger Schmelz (2006)

D'Originne vun der Déifferdenger Schmelz ginn an d'Joer 1896 zeréck, an deem d'Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange gegrënnt gouf.

Fir d'éischt sinn zwéin Héichiewe gebaut ginn, duerno e Stolwierk an e Walzwierk. Am Laf vun der Zäit koumen nach weider aacht Héichiewen dobäi.
Et ass d'Produktioun vun de Grey-Eisendunnen, déi dofir gesuergt huet, datt d'Déifferdenger Schmelz op der ganzer Welt bekannt ass.

Virum Éischte Weltkrich war d'Schmelz zum gréissten Deel an der Hand vun der Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG. Duerno gouf eng franséisch-belsch-lëtzebuergesch Gesellschaft gegrënnt, déi d'Schmelz iwwerholl huet, dat war d'Société des Hauts-Fourneaux et Aciéries de Differdange-St. Ingbert-Rumelange, déi sougenannt "HADIR".

Am Joer 1967 huet déi deemoleg ARBED déi Déifferdenger Schmelz mat allem, wat dozou gehéiert huet, iwwerholl.

Hautdesdaags steet keen Héichuewe méi. D'Gasmaschinn vum fréieren Héichuewe gouf 2008 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl an als Nationalmonument klasséiert.

ArcelorMittal féiert do en Elektrostolwierk, dat e modernt Walzwierk beliwwert, dat ënner anerem nach ëmmer Grey-Dunne walzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Déifferdenger Schmelz – Biller, Videoen oder Audiodateien