dEFDUMp

Vu Wikipedia


DEFDUMp
Museksgenre Hardcore
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1994
Trennung 2008
Memberen Pascal "Usel" Useldinger (Gesang, Synthesizer, Sampler)
Marc Pierrard (Gittar)
Félix Faber (Bass, Gittar, Gesang)
Vincent Orianne (Batterie, Perkussioun)
Dirk (Batterie)
Stenk (Gittar)
Marc "Charel" (Gittar, 1973-1997†)

dEFDUMp war eng Hardcore-Band vun Téiteng, déi am Joer 1994 gegrënnt gouf a sech 2008 opgeléist huet. Si huet fënnef Studioalben erausbruecht.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

dEFDUMp huet ufanks DUMP geheescht. Deen Numm huet sech aus de véier Ufanksbuschtawe vun den Nimm vun de Grënnungsmemberen zesummegesat. Wëll dem zweete Gittarist, dee méi spéit dobäi koum, säin Numm mat M ugefaangen huet, huet d'Grupp sech an DUMMP ëmbenannt. Well hien d'Band awer schliisslech erëm verlooss huet an den Numm vu sengem Nofollger net méi eragepasst huet, gouf den Numm DUMP begruewen an d'Band huet sech zanter deem dEFDUMp genannt.

Ee vun hire bekanntsten Ënnerstëtzer war de Max Cavalera, Sänger a Gittarist vu Sepultura a Soulfly, mat deene si e puermol op Tour waren. De Max Cavalera huet bei sengen Optrëtter, Interviewen an op Fotoen heiansdo en dEFDUMp T-Shirt ugehat, fir si op déi Manéier z'ënnerstëtzen.

De 27. September 2008 hunn dEFDUMp hire leschte Concert am Atelier an der Stad gespillt.

Genre[änneren | Quelltext änneren]

Et huet kee Wäert d'Musek vun dEFDUMp an eng bestëmmt Kategorie ze klasséieren, well si eigentlech versicht hunn allen Definitioune vu Musek an Stilrichtungen z'entkommen. "Eis Motivatioun ass et Musek ze maachen déi mir selwer gär hunn a se sou klengen ze loosse wéi se eiser Meenung no klenge soll", sot den "Usel", de Sänger vun der Band.

Laut der Band geet et bei dEFDUMp ëm d'Liewe mat all senge Facetten, souwéi all Forme vum Liewen ze respektéieren a sech selwer ze fannen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1997: Hempcore (Angry Family Records)
  • 1999: Circle's Closing (eege Produktioun)
  • 2001: David Versus Corporate Society (Hopewell Records)
  • 2002: The Sparkle Has Become a Flame (eege Produktioun)
  • 2003: David Versus Corporate Society & Circle's Closing (Last Effort Recordings / Kablio Muzika)
  • 2003: The Only Ones Left to Be Afraid Of (Split mat KAFKA) (Self Fulfillment Records / No! Records / Hurry Up Records / Rebound Action / I.C. Recordings / Shove Records / Bloody Tears Collective)
  • 2004: Makeshift Polaris (eege Produktioun)
  • 2007: This Is Forevermore (Listenable / Winged Skull Records)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]