DLS (Produzent)

Vu Wikipedia

Den DLS, mam richtegen Numm Gilles Hoffmann, gebuer 1988, ass e lëtzebuergesche Produzent a Remixer.[1]. Hie konzentréiert sech op den Hip Hop; donieft produzéiert en awer och Museksgenre wéi R&B, Reggae, Reggaeton, Pop, Grime, Drum & Bass, Dubstep a bal an all Zort vun Technomusek.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Den DLS huet 2002, am Alter vun 13 Joer, fir d'éischt Musek ënner sengem éischte Pseudonym "Da Luxo Style" gemaach. Hien huet mat elektronescher Musek ugefaangen, déi hien och op verschidde Platforme wéi MySpace oder YouTube eropgelueden huet. No enger Zäit huet hie säi Kënschtlernumm op d'Initialien DLS gekierzt a sech méi op Hip-Hop konzentréiert. Vun 2007 un hu verschidden international Kënschtler éischten Interessi u senger Aarbecht gewisen an hie gefrot, Beats fir si ze produzéieren.

2009 ass hien op Brighton a Groussbritannien geplënnert fir do ze studéieren a sech weider der Musikproduktioun ze widmen. 2012 huet den DLS e Master am Beräich Marketing op der University vu Surrey ugefaangen.

Den DLS huet een Album a méi wéi 25 Mixtapes verëffentlecht. Nieft der Produktioun vu Beats schafft den DLS och als Remixer, ënner anerem och fir lëtzebuergesch Kënschtler wéi Serge Tonnar & Legotrip oder d'Rapperen T the Boss a Rebel.[2],[3] E vu senge bekanntste Remixe fir en internationale Kënschtler ass Time Will Tell vun Dub FX. Als Remixer huet den DLS e puer Remix-Kompetitioune gewonnen.

Remix-Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Remix Contest Numm vum Lidd Plaz
2010 Dub Fx Remix Contest Time Will Tell (DLS Remix) 1
2010 Ciara Corr Remix Contest Get My Way (DLS Remix) 1
2010 Madelaine Bloom Remix Contest Zero Tolerance (DLS Remix) 1
2010 Navsta Beatbox Production Contest Hexagon Escape feat. Navsta Beatbox 1
2010 Shad & Dallas Remix Contest Live Forever (DLS Remix) 3
2011 Shakira & Pitbull Remix Contest Rabiosa (DLS Remix) 3
2012 Ca$h Out Remix Contest Cashin' Out (DLS Remix) 2

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

Joer Album Publizéiert Formater
2010 Welcome to My World Mee 10, 2010 CD, Digitalen Download

Mixtapes[änneren | Quelltext änneren]

Joer Mixtape Publizéiert Typ Formater
2009 DLS Beats Vol. 1 Mee, 2009 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2008 What Is Hip Hop? July 9, 2008 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2008 DLS Classics November 28, 2008 Mixtape Digitalen Download
2009 DLS Beats Vol. 2 Oktober 28, 2009 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2009 DLS Beats Vol. 3 Dezember 26, 2009 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2010 Most Wanted Vol. 1 Januar 5, 2010 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2010 Most Wanted Vol. 2 Mee 18, 2010 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2010 Most Wanted Vol. 3 July 21, 2010 Instrumentale Mixtape CD, Digitalen Download
2010 Rep The Truth (mam Deeze) November 10, 2010 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2011 DLS Remixes Vol. 1 März 23, 2011 Remix Mixtape Digitalen Download
2011 DLS Beats Vol. 4 Mee 10, 2011 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2011 Made In Luxembourg Vol. 1 (mam LuTenant) August 10, 2011 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2011 Made In Luxembourg Vol. 2 (mam LuTenant) Dezember 10, 2011 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2012 DLS Remixes Vol. 2 Januar 10, 2012 Remix Mixtape Digitalen Download
2012 The Martian Cream (mam LuTenant) Februar 21, 2012 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2012 One Step Closer (mam Cashman CPT) Februar 27, 2012 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2012 Antidote Vol. 1 Abrëll 1, 2012 Mixtape Digitalen Download
2012 Antidote Vol. 2 Abrëll 14, 2012 Mixtape Digitalen Download
2012 Made In Luxembourg Vol. 3 (mam LuTenant) Abrell 25, 2012 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2012 Beats, Kicks and Chicks) (mam HushOne) Mee 31, 2012 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2012 Expresso (mam All Star Tee Fee) Juni 7, 2012 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2012 Friday The 13th (mam Potent P) July 13, 2012 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2012 DLS Beats Vol. 5 August 20, 2012 Instrumentale Mixtape Digitalen Download
2012 Made In Luxembourg Vol. 4 (mam LuTenant) November 1, 2012 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2013 The Future (mam Dub FX) Januar 1, 2013 Kollaboratiounsmixtape Digitalen Download
2013 DLS Beats Package 2013 2013
2013 DLS Beats Vol. 7 2013
2013 Incognito 2013
2013 DLS Beats Relaxing Music 2013
2013 DLS Beats Vol. 8 2013
2013 DLS Beats Vol. 9 2013
2013 DLS Beats Vol. 10 2013
2014 Stuck Beat Syndrome Vol. 1 2014
2014 Dead End One Way 2014
2016 The Warm-Up 2016

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gilles Hoffmann (DLS) (gekuckt den 23. August 2012)
  2. Laksembörg-Sitti Release (gekuckt den 23. August 2012)
  3. Keen Hält Mech Op Release (gekuckt den 23. August 2012)