Op den Inhalt sprangen

DLS (Produzent)

Vu Wikipedia

Den DLS, mam richtegen Numm Gilles Hoffmann, gebuer 1988, ass e lëtzebuergesche Produzent a Remixer.[1]. Hie konzentréiert sech op den Hip Hop; donieft produzéiert en awer och Museksgenre wéi R&B, Reggae, Reggaeton, Pop, Grime, Drum & Bass, Dubstep a bal an all Zort vun Technomusek.

Den DLS huet 2002, am Alter vun 13 Joer, fir d'éischt Musek ënner sengem éischte Pseudonym "Da Luxo Style" gemaach. Hien huet mat elektronescher Musek ugefaangen, déi hien och op verschidde Platforme wéi MySpace oder YouTube eropgelueden huet. No enger Zäit huet hie säi Kënschtlernumm op d'Initialien DLS gekierzt a sech méi op Hip-Hop konzentréiert. Vun 2007 un hu verschidden international Kënschtler éischten Interessi u senger Aarbecht gewisen an hie gefrot, Beats fir si ze produzéieren.

2009 ass hien op Brighton a Groussbritannien geplënnert fir do ze studéieren a sech weider der Musikproduktioun ze widmen. 2012 huet den DLS e Master am Beräich Marketing op der University vu Surrey ugefaangen.

Den DLS huet een Album a méi wéi 25 Mixtapes verëffentlecht. Nieft der Produktioun vu Beats schafft den DLS och als Remixer, ënner anerem och fir lëtzebuergesch Kënschtler wéi Serge Tonnar & Legotrip oder d'Rapperen T the Boss a Rebel.[2][3] E vu senge bekanntste Remixe fir en internationale Kënschtler ass Time Will Tell vun Dub FX. Als Remixer huet den DLS e puer Remix-Kompetitioune gewonnen.

Remix-Kompetitiounen

[änneren | Quelltext änneren]
Joer Remix Contest Numm vum Lidd Plaz
2010 Dub Fx Remix Contest Time Will Tell (DLS Remix) 1
2010 Ciara Corr Remix Contest Get My Way (DLS Remix) 1
2010 Madelaine Bloom Remix Contest Zero Tolerance (DLS Remix) 1
2010 Navsta Beatbox Production Contest Hexagon Escape feat. Navsta Beatbox 1
2010 Shad & Dallas Remix Contest Live Forever (DLS Remix) 3
2011 Shakira & Pitbull Remix Contest Rabiosa (DLS Remix) 3
2012 Ca$h Out Remix Contest Cashin' Out (DLS Remix) 2
JoerAlbumPublizéiertFormater
2010Welcome to My WorldMee 10, 2010CD, Digitalen Download
JoerMixtapePublizéiertTypFormater
2009DLS Beats Vol. 1Mee, 2009Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2008What Is Hip Hop?July 9, 2008Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2008DLS ClassicsNovember 28, 2008MixtapeDigitalen Download
2009DLS Beats Vol. 2Oktober 28, 2009Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2009DLS Beats Vol. 3Dezember 26, 2009Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2010Most Wanted Vol. 1Januar 5, 2010Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2010Most Wanted Vol. 2Mee 18, 2010Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2010Most Wanted Vol. 3July 21, 2010Instrumentale MixtapeCD, Digitalen Download
2010Rep The Truth (mam Deeze)November 10, 2010KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2011DLS Remixes Vol. 1März 23, 2011Remix MixtapeDigitalen Download
2011DLS Beats Vol. 4 Mee 10, 2011Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2011Made In Luxembourg Vol. 1 (mam LuTenant)August 10, 2011KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2011Made In Luxembourg Vol. 2 (mam LuTenant)Dezember 10, 2011KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2012DLS Remixes Vol. 2Januar 10, 2012Remix MixtapeDigitalen Download
2012The Martian Cream (mam LuTenant)Februar 21, 2012KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2012One Step Closer (mam Cashman CPT)Februar 27, 2012KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2012Antidote Vol. 1Abrëll 1, 2012MixtapeDigitalen Download
2012Antidote Vol. 2Abrëll 14, 2012MixtapeDigitalen Download
2012Made In Luxembourg Vol. 3 (mam LuTenant)Abrell 25, 2012KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2012Beats, Kicks and Chicks) (mam HushOne)Mee 31, 2012KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2012Expresso (mam All Star Tee Fee)Juni 7, 2012KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2012Friday The 13th (mam Potent P)July 13, 2012KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2012DLS Beats Vol. 5 August 20, 2012Instrumentale MixtapeDigitalen Download
2012Made In Luxembourg Vol. 4 (mam LuTenant)November 1, 2012KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2013The Future (mam Dub FX)Januar 1, 2013KollaboratiounsmixtapeDigitalen Download
2013DLS Beats Package 20132013
2013DLS Beats Vol. 72013
2013Incognito2013
2013DLS Beats Relaxing Music2013
2013DLS Beats Vol. 82013
2013DLS Beats Vol. 92013
2013DLS Beats Vol. 102013
2014Stuck Beat Syndrome Vol. 12014
2014Dead End One Way2014
2016The Warm-Up2016

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gilles Hoffmann (DLS) (gekuckt den 23. August 2012)
  2. Laksembörg-Sitti Release (gekuckt den 23. August 2012)
  3. Keen Hält Mech Op Release (gekuckt den 23. August 2012)