DQ Herculis
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
DQ Herculis (oder Nova Herculis 1934) gouf als eng lues Nova am Dezember 1934 am Stärebild Hercules entdeckt. Beim Ausbroch krut si eng maximal Hellegkeet vun 1,5 mag. De Rescht vun der Nova ass en helle Kataklysmesche Verännerleche (CV) mat engem fräirotéierenden, magnéiteschen Wäissen Zwerg a Prototyp vun der Ënnerklass vun den DQ-Herculis-Stäre (och intermediäre Polare).
De Wäissen Zwerg am DQ Herculis rotéiert mat enger Period vun 142 Sekonnen an zielt domat zu de séierste rotéierende Wäissen Zwergen iwwerhaapt. Op Grond vun der héijer Inklinatioun vu bal 90°, kënnt et am Laf vun engem Bunnenëmlaf vu 4,65 Stonnen zu der Bedeckung vum Wäissen Zwerg an der Akkretiounsscheif duerch de Begleetstär.
Koordinaten[änneren | Quelltext änneren]
- Rektaszensioun: 18h 07m 30.1s
- Deklinatioun: +45° 51’ 31”