Op den Inhalt sprangen

Daarmmikrobiota

Vu Wikipedia
Schema op Englesch mat de verschiddene Mikrobiomen am Mo-Daarm-Trakt vum mënschleche Kierper, dorënner der Daarmikrobiota (am "large intestine" a "small intestine").

D'Daarmmikrobiota oder Daarmflora bezeechent all d'Mikroorganismussen, déi den Daarm vun de Mënschen an den Déiere besidelen. Dozou zielen Eenzeller wéi Bakteerien, Pilzer an aner Mikroben, a Virussen. Zesumme mat der Ëmwelt, an där se liewen, bilde se den Daarmmikrobiom[1][2][3].

Am Ganzen ëmfaasst dee komplexen Ökosystem schätzungsweis 38 Billioune Mikoorganisumssen, déi eng wichteg Roll fir d'Verdauung, den Immunsystem a verschidde Stoffwiesselprozesser spillen[4][5][6][7].

De Begrëff Daarmflora gëtt an der Medezinn haut net méi vill gebraucht, well d'Referenz op d'Flora op der Opfaassung berout, déi fréier vertruede gouf, datt Bakteerien a vill aner Mikoben Deel vum Planzeräich sinn. Haut bilde Bakteerien eng eegen Domän an zielen net méi zur Flora. Trotzdeem ass de Begrëff Daarmflora nach weiderhi wäit verbreet.[8]

Opbau an Diversitéit

[änneren | Quelltext änneren]

D'Zesummesetzung vun der Daarmmikrobiota ass aartespezifesch an individuell ënnerschiddlech. Si verännert sech am Laf vum Liewen a gëtt ënner anerem duerch Ernierung, Liewensstil a baussenzeg Aflëss gepräägt[9].

Zu den heefege Bakteeriegruppen a villen Daarmmikrobiome bei den Déieren, gehéiere Firmicutes, Bacteroidetes, Actinobacteria a Proteobacteria, woubäi hir genee Verdeelung jee no Aart staark variéiere kann[4].

Beim Mënsch ass de Gros vun der Daarmflora am Déckdaarm, en aneren Deel am Dënndaarm[5].

Eng méi héich Diversitéit vu Mikroorganismusse gëtt dacks mat enger méi stabiller a widderstandsfäeger Daarmmikrobiota a Verbindung bruecht[10], och wann dat eleng keen eendeitegen Indice fir eng gesond Daarmflora ass.

Escherichia coli (E. coli) si Bakteerien, déi een an der Daarmflora fënnt.

D'Daarmmikrobiota ënnerstëtzt d'Verdauung, andeem si déi onverdaulech Komponente vun der Narung wéi Ballaststoffer oder komplex Kuelenhydrater ofbaut. Dobäi entstinn ënner anerem kuerzketteg Fettsaieren (z. B. Butyrat), déi eng wichteg Roll fir d'Gesondheet vum Daarm spillen[11].

Bei villen Déierenaarten ass d'Daarmmikrobiota souguer essentiel fir d'Ausnotze vu bestëmmten Narungsquellen, zum Beispill bei de meeschte Planzefrësser (Herbivoren), déi ouni Mikororganissummen d'Zellulos guer net verwäerte kéinten[12].

Doriwwer eraus ass d'Daarmflora bei der Bildung vu bestëmmte Vitaminne bedeelegt an dréit zum Schutz viru Krankheetserreeger bäi, andeem se deenen hir Usiidlung erschwéiert an d'Produktioun vun Immunzellen ënnerstëtzt[13].

E bedeitenden Deel vum Immunsystem vu villen Déieren ass am Daarm lokaliséiert a steet an enkem Austausch mat de Mikroorganismussen, déi do liewen, an déi un der Entwécklung a Reguléierung vun Immunreaktioune bedeelegt sinn[14].

Stéierungen a méiglech Follgen

[änneren | Quelltext änneren]

Verännerungen an der Zesummesetzung vun der Daarmflora kënnen duerch Facteure wéi Ernierung, Ëmweltfacteuren, Beweegungsmangel, Stress, Medikamenter oder Erkrankungen ausgeléist ginn[13]. D'Ongläichgewiicht vun der Daarmmikrobiota gëtt Dysbios genannt.

Esou Verännerunge gi mat verschiddene gesondheetleche Probleemer a Verbindung bruecht, dorënner Verdauungsstéierungen, Stoffwiesselverännerungen an Erkrankunge vum Immunsystem. Och Aflëss op d'Behuelen a neurologesch Prozesser ginn ënnersicht[4]. Allerdéngs si vill vun deenen Zesummenhäng nach net vollstänneg gekläert, a kloer Ursaach-Wierkung-Bezéiunge sinn net an alle Fäll geséchert.

Fërderung vun enger stabiller Daarmmikrobiota

[änneren | Quelltext änneren]

Eng balancéiert an aartgerecht Ernierung spillt eng zentral Roll fir d'Stabilitéit vun der Daarmflora. Narungsbestanddeeler wéi Ballaststoffer kënnen de Wuesstem vu bestëmmte Mikroorganismusse fërderen[15].

De geziilten Asaz vu Probiotika kann a bestëmmte Fäll sënnvoll sinn, woubäi d'Wierkung staark vun de gebrauchte Mikroorganismussen an dem jeeweilegen Organismus ofhänkt[13].

 Commons: Daarmmikrobiota – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Dr Carole Wolfermann, La flore intestinale : Définition, Déséquilibre, Reconstitution. passeportsante.net (6. November 2024). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  2. (fr) Microbiote, un monde de microorganismes. Institut national de recherche pour l'agriculture, l'alimentation et l'environnement (INRAE), Frankräich. Gekuckt de 7. Abrëll 2026.
  3. (fr) Microbiote intestinal (flore intestinale) - Une piste sérieuse pour comprendre l’origine de nombreuses maladies. Institut national de la santé et de la recherche médicale (INSERM), Frankräich (18. Oktober 2021). Gekuckt de 7. Abrëll 2026.
  4. 1 2 3 (de) Darmflora. DocCheck Flexikon. Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  5. 1 2 (de) Die Aufgaben und der Aufbau der Darmflora. ratgeber-darmgesundheit.de (5. Mäerz 2022). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  6. (en) Alison Abbott, Scientists bust myth that our bodies have more bacteria than human cells. science.com (8. Januar 2016). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  7. (en) Ron Sender, Shai Fuchs, Ron Milo, Revised Estimates for the Number of Human and Bacteria Cells in the Body. PLOS Biology 14(8). National Library of Medicine (2016). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  8. (de) Anja Speitel & Dr. Eva-Maria Steinkellner, Die Darmflora. meinmed.at (10. November 2025). Gekuckt de 7. Abrëll 2026.
  9. (de) Darmflora. gesundheit.gv.at. Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  10. (de) Christina Burkhardt, Diversität im Darm. philou #13 (Zäitschrëft vun der Universitéit Oochen). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  11. (de) Kurzkettige Fettsäuren aus dem Darmmikrobiom sind essentiell für Darmepithel, Immun- und Nervensystem. imd-berlin.de. Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  12. (de) Darmflora. spektrum.de. Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  13. 1 2 3 (de) Geheimnisse für eine gesunde Darmflora: Die Auswirkungen der Mikrobiota auf das allgemeine Wohlbefinden. Gesond iessen, méi beweegen (19. Dezember 2023). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  14. (de) Jennifer Scherzer, Intestinale Mikrobiota und Darmgesundheit. Thieme VetCentre (2024). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.
  15. (de) Dr. Viola Andresen, Ballaststoffe: Ernährung für Darmflora und Herz. ndr.de (9. Februar 2026). Gekuckt de 4. Abrëll 2026.