Daarmspigelung
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |

Eng Daarmspigelung, Koloskopie oder Kolonoskopie, ass e medezineschen Agrëff, bei deem e flexibele Schlauch mat enger Kamera (Koloskop genannt, engem speziellen Endoskop) iwwer den Anus an den Déckdaarm agefouert gëtt. D'Koloskopie déngt der Fréierkennung vun Daarmkrankheete wéi de Polyppen, Entzündungen, Tumoren oder chroneschen Erkrankunge wéi Morbus Crohn oder Colitis ulcerosa.[1]
Virun der Ënnersichung muss den Daarm duerch e spezielle Regimm a Purge komplett gebotzt ginn, fir datt den Dokter d'Schläimhaut gutt beurteele kann. Den Agrëff gëtt am Allgemengen ënner enger liichter Betäubung (Sedatioun) duerchgefouert, fir Péng an d'Onwuelfillen ze reduzéieren.[2][3]
Duerch de Koloskop kënne kleng Instrumenter wéi eng Zaang oder eng Schléng an de Kierper agefouert ginn. Dat erlaabt et dem Dokter wärend der Daarmspigelung, kleng Agrëffer direkt duerchzeféieren, wéi zum Beispill Tissusprouwen ze huelen oder kleng Polyppen direkt ewechzemaachen, fir se méi spéit am Laboratoire ze ënnersichen.[4]
Déi ganz Prozedur dauert an der Reegel tëscht 15 a 45 Minutten.[4][2]
No der Koloskopie kann et zu liichte Bläungen oder Bauchkrämp kommen, déi awer meeschtens séier verschwannen. D'Resultater ginn da mam Patient beschwat a bei Opfällegkeete gi weider Schrëtt ageleet.
Méi Informatioun
[änneren | Quelltext änneren]- Broschür "D‘Koloskopie: Bereet Iech op d'Ënnersichung vir" vum Gesondheetsministère aus dem Joer 2024
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Daarmspigelung – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Darmkrebsvorsorge bei Colitis ulcerosa und Morbus Crohn. ced-trotzdem-ich.de. Gekuckt den 21. Mäerz 2026.
- 1 2 (de) Carola Welt, Constanze Löffler, Darmspiegelung: Ablauf und Risiken der Krebsvorsorge. ndr.de (26. Februar 2025). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (fr) Comment se déroule une coloscopie ?. ameli.fr (9. Mäerz 2026). Gekuckt den 20. Mäerz 2026.
- 1 2 (de) Sebastian Fiebiger Sebastian Fiebiger, Darmspiegelung: Schmerzen, Vorbereitung, Dauer und Tipps. Medizin+ (28. September 2025). Gekuckt den 20. Mäerz 2026.