Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
Den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ass de 26. September, zäitgläich mam Europäeschen Dag vun de Sproochen. E gouf eng éischt Kéier 2025 vum Lëtzebuerger Kulturministère organiséiert[1].
Säin Zil ass et, d'Lëtzebuerger Sprooch, am Kader vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg, an de Mëttelpunkt ze stellen, dëst am Enseignement, der Erwuessenebildung an der Fuerschung gradewéi a ville kulturelle Beräicher wéi der Literatur, der Musek an dem Theater[2].
D'Schafe vun engem nationalen Dag fir d'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur steet an der Moossnam N° 38 vum Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch, deen de Regierungsrot de 14. Dezember 2022 ugeholl huet[2].
2025 stoung den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch ënnert dem Motto: Schwätz mat - Lëtzebuergesch verbënnt![1].
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. gouvernement.lu, nogekuckt: 25.09.2025.
- 1 2 "Lëtzebuerg feiert fir d'éischte Kéier den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch." Communiqué op gouvernement.lu, 08.09.2025 (akt.: 09.09.2025).