Daghimmel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Den Daghimmel ass eng, haaptsächlech astronomesch Bezeechnung fir den Himmel am Dag. Zäitlech läit den Daghimmel tëscht Sonnenopgank a Sonnenënnergank. Den Iwwergank vun der Nuetsdäischtert op d'Hellegkeet vum Dag heescht Schummerecht.

Wa keng Wolleken do sinn, dann ass am Allgemengen um Daghimmel dat blot Streeliicht vum Sonneliicht ze gesinn. De bloe Faarftoun entsteet duerch d'Wellelängtenofhängegkeet vun der Rayleigh-Streeung.[1]

Scho mat relativ klengen Teleskope sinn och am Dag Stären ze gesinn - beispillsweis déi 50 hellst Stären a bal ëmmer déi bannenzeg Planéiten Merkur a Venus. D'Venus kann een dacks souguer mat bloussem A gesinn, wann een hir Plaz kennt. Och de Mars an de Jupiter si bei geneeër Virausberechnung z'observéieren.

Och d'Geodesie braucht déi Tatsaach heiansdo, zum Beispill beim Moosse vu Polarisazimute fir d'genee Orientéierung vu Vermiessungsnetzer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. H. Vogel: Gerthsen Physik, 18. Aufl. Seite 553 10.3.5 Warum ist der Himmel blau?; Springer-Verlag Berlin, ISBN 3-540-59278-4