Dampdëppen

Vu Wikipedia
En elektrescht Dampdëppen

En Dampdëppen oder Cuit vapeur ass en Dëppen an deem Liewensmëttel mat Damp erhëtzt ginn. Grondsätzlech gëtt et zwou Zorte vun Dampdëppen: Dampdëppen ouni Drock a mat Drock.

Dampdëppen ouni Drock[änneren | Quelltext änneren]

An engem Dampdëppen ouni Drock ginn d'Iesswueren am Waasserdamp oder Donst erhëtzt. An der asiatescher a besonnesch der chineesescher Kichen huet dës Manéier eng laang Traditioun. D'Iesswuere leien net am Waasser, mä ginn duerch den Damp, dee s'ëmgëtt, op eng natierlech a schounend Aart a Weis an ouni Fett preparéiert. Déi natierlech Aromen a Vitaminne bleiwen erhalen an d'Faarwe ginn dacks nach verstäerkt. 1967 gouf de Römertopf fir d'éischt op der Foire zu Hannover firgestallt an huet besonnesch déi däitsch Kichen an de 70er an 80er Jore markéiert. De Römertopf ass e stengen Dëppen mat engem Deckel, dat an de Bakuewe gestallt gëtt.

An Nordafrika hunn änlech Dëppe mat engem koneschen Deckel ënner dem Numm Tajine eng laang Traditioun. En anert vun de bekannten Dampdëppen ass de Couscoussier.

Dampdëppe mat Drock[änneren | Quelltext änneren]

En haitegt Drockdampdëppen

An engem Drockdampdëppen entsteet am Dëppen en Iwwerdrock vun normalerweis 1,8 bar, wouduerch d'Temperatur vum kache Waasser op eng 116 °C klëmmt. De Virdeel dovun ass, datt sou d'Iesswuere méi séier gekacht sinn. Déi Zort vun Dëppe gëtt dann och Schnellkachdëppen genannt. En anere Virdeel ass, datt an dësen Dëppen och an de Bierger, wou d'Kachtemperatur keng 100 °C erreecht, Iesswuere richteg gekacht kënne ginn.

D'Erfindung vum Drockdampdëppe geet op den Denis Papin zeréck dee mat sengem sougenannten Digesteur dat éischt Drockdëppe gebaut hat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dampdëppen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Drockdampdëppen – Biller, Videoen oder Audiodateien