Daniel Saul Goldin

Vu Wikipedia
Daniel Saul Goldin
Gebuer 23. Juli 1940
New York
Nationalitéit USA
Educatioun City College of New York
Aktivitéit Ingenieur, Politiker, Geschäftspersoun
Member vun National Academy of Engineering

Den Daniel Saul Goldin, gebuer den 23. Juli 1940 zu New York City, Bundesstaat New York, USA) war vum 1. Abrëll 1992 bis de 17. November 2001 den néngten a bis haut deen am längsten amtéierenden NASA-Administrateur. Hie gouf vum US-President George H. W. Bush nominéiert.

De Goldin krut 1962 e Bachelor a Maschinnebau vum City College of New York. Am gläiche Joer huet hie seng Carrière am Lewis Research Center vun der NASA zu Cleveland, Ohio ugefaangen an huet un elektreschen Undriffsystemer fir déi bemannte interplanetaresch Raumfaart geschafft.

De Goldin hat dann fir e puer Joer d'NASA verlooss an huet fir d'TRW Space and Technology Group zu Redondo Beach, Kalifornien geschafft. Wärend senger 25-järeger Carrière bei TRW gouf de Goldin Vizepresident a General Manager an huet Projete an deenen nei Kommunikatiounssatellitte, Weltraumtechnologien a wëssenschaftlech Instrumenter entworf a gebaut goufen, geleet.

Wéi de Goldin Administrateur vun der NASA gouf, hat hien dat begrënnt mat "Faster, Better, Cheaper"-Konzept, mat deem d'NASA gläichzäiteg d'Käschten erofdrécken an trotzdeem eng grouss Zuel un Raumfaartprojeten duerchféiere konnt. Nom Verloscht vun zwou Marssonde gouf dëst Konzept awer och kritiséiert. A seng Amtszäit falen awer och erfollegräich Projete wéi de Marsroboter Mars Pathfinder, Reparatursmissioune fir den Hubble-Weltraumteleskop an déi International Raumstatioun ISS.

2002 gouf den Asteroid (16529) Dangoldin no him genannt.

2003 gouf de Goldin als néngte President vun der Boston University ausgewielt. Allerdéngs gouf säi Vertrag een Dag virun Amtsuntrëtt opgehuewen.

De Goldin ass bestuet an huet zwee Meedercher.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]