Danz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Modernen Danz

Den Danz ass d'Konscht vun der Bewegung vum Kierper, meeschtens rhythmesch an am Zesummenhank mat Musek. Leit aus ville verschiddene Kulturen danze fir hir Emotiounen auszedrécken, fir sozial Bezéiungen ze fleegen, an engem spirituelle Kontext oder am Kader vun enger Opféierung.

Danz kann een doriwwer eraus ugesinn als eng Form vun nonverbaler Kommunikatioun tëscht Mënschen an och tëscht Déieren (z. B. de Beiendanz). D'Bewegung vu Géigestänn kann och als Danz beschriwwe ginn („d'Blieder danzen am Wand“).

D'Konscht en Danz ze kreéieren heescht Choreographie.

Ursprénglech war den Danz virun allem en zeremoniellen Akt, dee sech un eng méi héich Muecht geriicht huet. Zil war et duerch Danzritualer d'Schicksal ze beaflossen (Reendanz), Courage ze maachen (Krichsdanz oder Juegddanz) oder fir de Gëtter ze gefalen (egyptesch, griichesch a réimesch Antikitéit).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Danz – Biller, Videoen oder Audiodateien