Darius I.

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Dareios I. vu Persien)
Den Darius mat der"Schrëft (ΔΑΡΕΙΟΣ, uewe riets) op der „Perservas“ vum apuleschen Darius-Moler ëm 340/20 v. Chr.
Relief vun enger Sphinx aus glaséierten Zillen aus dem Palais vum Darius zu Susa

Den Dareios I. (Farsi: داریوش, [ dɔːriˈuːʃ ], Alpersesch Dārayavahuš, Babylonesch Dariamuš, Elamesch Dariyamauiš, Aramäesch Dryhwš, Hebräesch Darjaweš, Latäin Darius; gebuer ëm 549 v. Chr. a gestuerwen 486 v. Chr., dacks och Darius de Grousse genannt, war Grousskinnek vum perseschen Achämenideräich, den ningte Kinnek aus der Dynastie vun den Achämeniden. Hie war de Jong vum Hystaspes, engem Satrap vu Parthien.

Nieft dem Kyros (oder Cyrus) dem Groussen gëllt hien als dee bedeitendste Grousskinnek vum alpersesche Räich. Hien huet d'administrativ Strukture vu sengem Räich erneiert, huet e Stroossennetz uleeë gelooss, an eng eeheetlech Wärung agefouert. Hien huet d'Konschte gefërdert, besonnesch d'Architektur. Sou huet hie Persepolis gegrënnt, a grouss Bauaarbechten an anere Residenzstied ausféiere gelooss, virun allem zu Susa. Och an Egypten huet hien eng Rëtsch Tempelen (nees) opriichte gelooss an e Kanal tëscht dem Roude Mier an dem Nildelta fäerdeg baue gelooss.

490 v. Chr. hunn ënner dem Darius, mat der Schluecht vu Marathon, d'Perserkricher géint d'Griichen ugefaangen.

Hie war de Papp vum Xerxes I.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Briant: Darius. Les Perses et l'Empire. Decouvertes Gallimard, Paris 1992, ISBN 2-07-053166-X.
  • Maria Brosius: The Persians. An introduction. Routledge, London 2006, ISBN 0-415-32089-5.
  • Walther Hinz: Darius und die Perser. Eine Kulturgeschichte der Achämeniden. 2 Bde. Holle, Baden-Baden 1976.
  • Heidemarie Koch: Es kündet Dareios der König. Vom Leben im persischen Großreich. von Zabern, Mainz 1992, ISBN 3-8053-1347-0

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Darius I. – Biller, Videoen oder Audiodateien