David J. Tholen

Vu Wikipedia
David J. Tholen
Gebuer 31. Juli 1955
Huntsville
Nationalitéit USA
Educatioun University of Arizona
Aktivitéit Astronom, Fuerscher
Member vun International Astronomesch Unioun

Den David James Tholen, gebuer den 31. Juli 1955 ass en US-amerikaneschen Astronom. Hien huet 1984 op der Universitéit vun Arizona promovéiert.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Hie schafft am Institute for Astronomy vun der Universitéit vun Hawaii op de Gebidder Planetologie an Astronomie vum Sonnesystem. Tëscht 1981 an 2006 huet hien am Ganze 37 Asteroiden identifizéiert oder matentdeckt.[1]

1995 hat hien e Bild vum nei entdeckte Koméit Hale-Bopp zu engem Zäitpunkt gemaach, an deem de Koméit sech am Verhältnes zu de Stären am Hannergrond ganz lues beweegt huet. D'Resultat vun den Deelbiller déi mat Rout-, Gréng- a Gielfilteren opgeholl, an zu engem Faarfbild zesummegesat goufen, ass op der Websäit vum Institute for Astronomy publizéiert ginn.

Auszeechnungen an Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Discoverers
  2. Tholen, D. J.; Asteroid taxonomic classifications Asteroids II; Proceedings of the Conference Seiten 1139–1150, Universitéit vun Arizona Press, 8. - 11. Mäerz 1988, Tucson, AZ, ofgeruff de 14. Abrëll 2008
  3. Harold C. Urey Prize in Planetary Science