David Kirt

Vu Wikipedia
David Kirt
Gebuer 30. Juli 1981
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Historiker, Auteur

Den David Kirt, gebuer den 30. Juli 1981 zu Esch/Uelzecht, ass ee lëtzebuergeschen Historiker a Geschichtsprofesser.

No sengem Secondaire am Lycée Hubert-Clément (LHC) zu Esch/Uelzecht (A2 - Sektioun) huet den David Kirt klassesch Philologie a Geschicht zu Lëtzebuerg, am deemolege Centre universitaire, an op der Universitéit vu Stroossbuerg studéiert.

Vum Februar 2007 bis am Januar 2011 war hien Assistent an Doktorant op der Universitéit Lëtzebuerg. Paralell dozou war hien, allerdéngs bis Mäerz 2013, och externen Expert am Nationalarchiv, wou en Inventairë vun de Pabeiere vun den Abteien Almënster a Bouneweg ugeluecht huet.

2011 huet den David Kirt seng Dokterthees iwwer dem Péiter vun Uespelt säi Liewen a säi Wierk mat Erfolleg op der Uni Lëtzebuerg verdeedegt. D'Aarbecht ass 2013 a Buchform erauskomm.

2013 goung den David Kirt, an de Stage fir Professer am Secondaire ze ginn; an zanter 2015 ass hie Professer am Stater Jongelycée.

Niewelaanscht ass hien nach um Projet TRANSSCRIPT bedeelegt.

Publikatiounen (Auswiel)

  • Peter von Aspelt (1240/45 - 1320) - Ein spätmittelalterlicher Kirchenfürst zwischen Luxemburg, Böhmen und dem Reich; Lëtzebuerg (Les Amis de l'Histoire), Band 24, 2013; 384 Säiten. ISBN 978-2-919884-24-7

Um Spaweck