David Laborier

Vu Wikipedia
David Laborier
Gebuer 17. Abrëll 1975
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museksprofesser, Gittarist


Den David Laborier gebuer de 17. Abrëll 1975 zu Lëtzebuerg, ass a lëtzebuergesche Gittarist, Jazzmuseker a Museksprofesser.

Mat 13 Joer huet den David Laborier als Autodidakt ugefaange Gittar ze léieren a gouf lues a Gruppen integréiert, mat deenen hie spille konnt. Mat ongeféier 18 Joer koum hien an de Stater Conservatoire ier hien an Holland an an Amerika goung fir ze studéieren.

Wéi hien op Lëtzebuerg zeréckkoum, huet hien a verschiddene Gruppe gespillt an e puer Placken ënner dem Label vum Gast Waltzing gemaach. Hien huet och - zesumme mam Gast Waltzing - d'Angélique Kidjo op hirer internationaler Tournée begleet.

Den David Laborier trëtt zanter 1992 a ville Bands op, ë. a. mam Gast Waltzing, grad ewéi bei Representatioune vun der Militärmusek an dem Philharmoneschen Orchester vu Lëtzebuerg.

2001 huet hien den David Laborier Trio gegrënnt.

Hie gëtt och Coursen am Stater Conservatoire.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]