David Todd Wilkinson
David Todd Wilkinson | |
---|---|
Gebuer | 13. Mee 1935 |
Gestuerwen |
5. September 2002 Princeton |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Universitéit vu Michigan |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences |
Den David Todd Wilkinson, gebuer den 13. Mee 1935 zu Hillsdale am Michigan, a gestuerwen de 5. September 2002 zu Princeton am New Jersey, war en US-amerikaneschen Astrophysiker a Kosmolog, deen de kosmesche Mikrowellenhannergrond ënnersicht huet.
Hien huet säi Studium mat engem Doktorat a Physik ënner der Opsiicht vum H. Richard Crane op der Universéit vu Michigan ofgeschloss. Vun 1963 u war hie wëssenschaftleche Mataarbechter a vun 1965 bis zu senger Pensioun am Joer 2002 Professer op der Princeton Universéit.
Hien huet zum Team vum Robert H. Dicke gehéiert, dat op de Viraussoe vum George Gamow a Mataarbechter no enger kosmescher Hannergrondstralung gesicht huet, déi dann awer fir d'éischt vum Arno Penzias a vum Robert Wilson zoufälleg entdeckt gouf. Spéider huet de Wilkinson wiesentlech Bäiträg zu en ettlechen Experimenter fir d'Ënnersich vum kosmesche Mikrowellenhannergrond geleescht, dorënner déi béid NASA-Projete Cosmic Background Explorer a Wilkinson Microwave Anisotropy Probe. De leschte Projet gouf nom Kriibsdoud vum Wilkinson no him zu sengen Éiere genannt.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Publikatioun vum D.T. Wilkinson am Astrophysics Data System
- (en) J.C. Mather, L. Page, P.J. Peebles: David Todd Wilkinson, 1935-2002. Bulletin of the American Astronomical Society, Bd. 35 (2003), Nr. 5, S. 1480–1481 (Noruff)