Davies-Elliott-Meaburn-Katalog

Vu Wikipedia

Den Davies-Elliott-Meaburn-Katalog, kuerz DEM, ass en astronomesche Katalog vun der fotografescher Duerchmusterung vun Niwwelkomplexer an der grousser a klenger magellanescher Wollek mat an [N II]- Placken. De Katalog gouf fir d'éischt an engem Artikel vun R. D. Davies, K. H. Elliott a J. Meaburn an de Memoirs of the Royal Astronomical Society 1976 ënner dem Titel The nebular complexes of the large and small Magellanic Clouds publizéiert.

D'Duerchmusterung kann als Iwweraarbechtung vun där vum Henize aus dem Joer 1956 (Kierzel 'N') an zesumme mat där als wichtegst Duerchmusterung vun den Niwwelen aus der Magellanescher Wollek ugesi ginn. Si huet vill nei niwweleg Objete mat klenge Flächenhellegkeeten erfaasst. D'Objete vum Katalog ginn ënner dem Kierzel DEM bezeechent (ofgeleet vun den Auteursinitialen, gefollegt vun enger lafender Nummer, virun déi de Buschtaf L fir Objete vun der grousser Magellanescher Wollek resp. S fir déi kleng Magellanesch Wollek gestallt gëtt.

D'Duerchmusterung mat laang beliichte Fotoplacken (bis zu 5 Stonnen), gouf um Siding Spring Observatoire gemaach an huet am Ganzen en Himmelsofschnëtt vu ronn 6 Quadratgrad ofgedeckt. De Katalog hat a senger éischter Versioun vun 1976 am Ganzen 329 Objete vun der grousser an 167 vun der klenger Magellanescher Wollek. De Meaburny huet 1986 Young-star formation in the Magellanic H I bridge (Mon. Not. R. Astron. Soc. 223), publizéiert, e Supplement vu fënnef Objeten, soudatt déi kleng Magellanesch Wollek haut 172 DEM-Objeten huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie