Dawes (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Dawes
Littrow + Dawes + Vitruvius - LROC - WAC.JPG
Krater Dawes (lénks ënnen) an Ëmgéigend
(LROC-WAC)
Koordinaten 17°12'N, 26°24'O
Duerchmiesser 18 km
Déift 2300 m
Selenographesch Längt 334° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ12
Krater Dawes opgeholl vun Apollo 17 (Foto NASA)

Dawes ass en Aschlagkrater, deen nordëstlech vum Kraters Plinius an der breeder Mieresstrooss tëscht dem Mare Serenitatis an dem Mare Tranquillitatis läit.

Nordëstlech erhiewe sech d'Häng vum Mons Argaeus. De kreesronne Krater weist e liicht ofgeplattenen Ëmrëss an e schaarfe Kraterrand. Hie weist am Zentrum eng liicht Knupp op. Säin eppes donkel gefierfte Buedem ass bal ganz mat iwwerlappende strudelaartegen Oflagerunge bedeckt. De Groussdeel vun dësen Oflagerunge besteet aus zréckgefallenem oder ofgerutschtem Material. Déi bannescht Kraterwänn sinn géi a weise keng Erosiounsspuren.

Méi no Ënnersich hu visuell Nischen a Rillen um Kraterbannerand festgestallt.

Nordwestlech vun Dawes verleeft d'Moundrill Rima Dawes.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]