De Letzeburger Fle'er
Ausgesinn
| illustr. techn. Zeitschrift für das Luxemburger Land | |
|
| |
| Typ | Zeitung |
|---|---|
| Éischt Ausgab | 23. November 1932 |
| Lescht Ausgab | 1. Januar 1934 |
|
| |
De Letzeburger Fle'er - Der Luxemburger Flieger - L'aviateur luxembourgeois: illustr. techn. Zeitschrift für das Luxemburger Land war eng Lëtzebuerger Zeitung, déi tëschent dem 23. November 1932 an dem 1. Januar 1934 erauskomm. D'Periodizitéit war fir all dräi Wochen ugekënnegt, war awer éischter onreegelméisseg. Editeur war de Fred Welter, gedréckt gouf se bei Linden&Hansen an der Stad Lëtzebuerg.[1].
De Letzeburger Fle'er (an haiteger Schreifweis: "De Lëtzebuerger Fléier") huet sech mam Sportfléien (Motor- a Seegelfligeren) befaasst, an hat den Usproch, dës Aktivitéiten zu Lëtzebuerg méi populär ze maachen. Et war och d'Veräinsblat vum Luxemburger Segelflieger-Verein, an den Editeur, den Ingenieur Fred Welter, ass selwer geflunn.[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Letzeburger Fle'er - All Nummeren ze liesen op eluxemburgensia.lu
- Fiche op a-z.lu.
