De Letzeburger Kladderadatsch
Ausgesinn
humoristischt-satyrischt Wocheblât | |
![]() | |
Typ | Wochenzeitung |
---|---|
Éischt Ausgab | 26. Dezember 1886 |
Lescht Ausgab | 18. August 1888 |
Editeur | Jean-Nicolas Moes |
![]() |
De Letzeburger Kladderadatsch: humoristischt-satyrischt Wocheblât war eng Lëtzebuerger satiresch Wochenzeitung, déi tëschent dem 26. Dezember 1886 an dem 18. August 1888 zweemol d'Woch erauskoum.
Editeur war den Jean-Nicolas Moes, gedréckt gouf se beim Pierre Brück an der Stad Lëtzebuerg. 1898 koum d'Zeitung nach eng Kéier fir e puer Méint ënner dem Titel Luxemburger Kladderadatsch. Humoristisch-satirisches Wochenblatt zu Diddenuewen an der Dréckerei G. Hollinger eraus.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- De Letzeburger Kladderadatsch - All Nummeren ze liesen op eluxemburgensia.lu
- Fiche op a-z.lu.