De Spiller

Vu Wikipedia

De Spiller (russ. Игрок - "Igrok") ass e Kuerzroman vum Fjodor Dostojewski iwwer e jonke Schoulmeeschter am Déngscht vun engem viraals räiche Generol, dee lues awer sécher der Spillsucht verfält.

Autobiographesch Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Den Dostojewski huet 1863 zu Wiesbaden selwer mat Spillen ugefaangen a koum bis 1871 net hanner seng Sucht. De Roman reflektéiert a méi wéi enger Hisiicht dem Auteur seng eege Spillsucht: en huet en 1866 direkt no D'Verbriechen an d'Strof senger Stenotypistin a spéiderer Fra Anna Grigorjewna Snitkina an nëmme 27 Deeg diktéiere misse fir säi Kontrakt mat sengem Verleger anhalen ze kënnen deen him Sue virgestreckt hat.

Weider autobiographesch Zich fanne sech an der Beschreiwung vun der Bezéiung tëscht dem Schoulmeeschter am Generol senger Stéiduechter. Do huet den Dostojewski seng onglécklech Léift zum Apollinarija ("Polina") Suslowa literaresch verschafft.

Den Auteur geet des Weiderenn op seng Ofneigung géint verschidden europäesch Natiounen an, absënns Frankräich an Däitschland komme mat bëssege Portraite schlecht ewech. En deet säi Protagonist de russesche Charakter luewen, dee mat Leidenschaft lieft a sech net kale Rechnungen higëtt, wéi déi westeuropäesch Personnagen aus dem Roman. D'Ambiguitéit entsteet doraus, datt grad déi Leidenschaft den Haaptprotagonist an den Ofgrond räisst.

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

De Roman gëtt erzielt aus der Siicht vum Privatschoulmeeschter Aleksej Iwanowitsch. D'Handlung dréit ëm eng Grupp vu Leit, déi kuerz virum finanzielle Ruin stinn, an am fiktive Bad Roulettebuerg op eng grouss erléisend Ierfschaft waarden.

Den ale Familljepatriarch, de Generol, huet héich Scholde beim arrogante Fransous De Grieux. Sollt seng al Moskauer Tatta verscheeden, da géifen hir Suen him zoufalen an hie kéint net nëmmen den De Grieux ausbezuelen, mä dëse Geldsege géif och eng Hochzäit tëscht him an der hallefseidener Franséisin Mademoiselle Blanche begënschtegen, an déi hien hoffnungslos verléift ass. Gläichzäiteg huet dem Generol seng Stéiduechter Polina Alexandrowna direkt dräi Prätendenten: hire Kavaléier De Grieux, den aarme Schoulmeeschter Aleksej Iwanowitsch dee vun hir awer just ausgenotzt, verspott a veruecht gëtt, an de scheie räichen Englänner Mr. Astley.

Amplaz datt en Telegramm mat der Confirmatioun vum Doud vun der kranker Ierftatta antrëfft, kënnt dës resolut Damm selwer op Roulettebuerg, fir de Generol direkt oppe wëssen ze loossen datt hie kee Su sollt kréien. D'Katastroph ass e puer Deeg méi spéit komplett, wéi déi al Damm e groussen Deel vun hirem Verméige beim Roulette verluer huet an nees op Moskau zeréckfiert. Den De Grieux verléisst d'Polina an d'Mademoiselle Blanche intresséiert sech net méi fir de Generol.

Elo bekennt d'Polina dem Aleksej hir Léift, deen doropshin an de Casino leeft, fir Sue fir d'Begläiche vun de Scholde beim De Grieux ze beschafen. Dëst geléngt him souguer tatsächlech, mä wéi en dem Polina de Goss bréngt, refuséiert hatt. Hatt annoncéiert datt et en elo haasst, am Glawen hien hätt hatt mat sengem Gewënn wëlle kafen, an och aus Schimmt wéinst der Liaisoun mam charakterlose Fransous stéisst hatt den Aleksej zeréck, fir hien a sech selwer ze bestrofen, an et flücht schlussendlech bei de Mr. Astley.

Den Aleksej geet doropshin zesumme mat der Mademoiselle Blanche op Paräis, déi mat senger Erlabnes säi gewonnent Verméige bannent engem Mount mat vollen Hänn fir hir eege Besoinen ausgëtt. De Generol ass hinnen nogereest, an d'Mademoiselle Blanche bestit hien obwuel hie wéinst deenen Evenementer komplett stompsënneg ginn ass, just fir den Titel ze kréien.

Op en Neits veraarmt verléisst den Aleksej Paräis a schléit sech als Lakai zu Homburg a Baden-Baden duerch. Soubal en e puer Su verdéngt huet dréit e se direkt op de Roulettedësch. Souguer d'Noriicht vum Mr. Astley, datt d'Polina sech an der Schwäiz erhëlt, awer hien ëmmer nach gär huet an e gesi wëllt, kann hien net vu senger Spillsuucht lassräissen, déi e mëttlerweil komplett erfëllt.

Adaptatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Roman huet de Sergei Prokofjew fir seng Oper mam selwechten Numm inspiréiert (1917).

D'literaresch Virlag gouf donieft net manner wéi néngmol verfilmt, eng éischt Kéier 1919 als Stommfilm, a bis ewell eng lescht Kéier 2007 als The Gamblers ënner der Regie vum Sebastian Bieniek, deen auch den Alexej spillt, a mam Frederike Nass als Polina.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]