de jure / de facto
De laténgeschen Ausdrock de jure (an der klassescher laténgescher Form de iure ) bedeit „dem Gesetz no, juristesch gesinn (geméiss dem gëltege Recht), legal, offiziell“;
de facto ass de laténgeschen Ausdrock fir „de Fakten no, an der Praxis, tatsächlech, an der Realitéit“.
De facto bezitt sech op en Ëmstand, deen als verbreet an allgemeng akzeptéiert gëllt, och wann en net formell als de jure vun den entspriechenden Institutioune festgeluecht gouf. De jure bezitt sech op e juristesche gewënschten Zoustand, de facto op en tatsächlechen aktuellen Zoustand.
D'Begrëffer ginn dacks als Koppel a juristeschen Texter gebraucht, absënns am Kader vum internationale Recht an an der Politikwëssenschaft. Sou kann eng Regierung z. B. de jure am Amt sinn, d. h. datt s'am Aklang mam gëltege Recht agesat gouf. Am Géigesaz dozou, huet eng de facto-Regierung oder en de facto-Regimm, keng juristesch Unerkennung. Zum Beispill ass Somaliland en de facto existenten, awer net en de jure unerkannte Staat. Am Géigesaz dozou gëtt Somalia international als en de jure, awer en de facto net-existente Staat unerkannt.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- De facto huet d'Republik Zypern eng Gesamtfläch vu 5.896 km², de jure ass d'Fläch awer 9.251 km² grouss. Dësen Ënnerscheed ass op den de facto-Regimm vun der tierkescher Republik Nordzypern an déi lokal de facto-Regierung zeréckzeféieren.
- D'Schwäiz huet de jure keng Haaptstad, well verfassungsrechtlech keng Stad als Haaptstad festgehalen ass. De facto iwwerhëlt Bern d'Funktioun vun der Haaptstad.
- D'Vereenegt Staaten hunn de jure keng offiziell Sprooch op federalem Niveau, de facto ass Englesch déi Sprooch déi haaptsächlech fir offiziell Dokumenter gebraucht gëtt.
- De jure huet d'Europäesch Unioun (EU) keng Haaptstad; de facto ass Bréissel déi europäesch Haaptstad a gëllt als Sëtz vun der EU.
- De jure sinn déi offiziell Sprooche vum Vatikan Latäin an Italieenesch, de facto gëtt awer just Italieenesch benotzt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: De jure / de facto – Biller, Videoen oder Audiodateien |