Debra Fischer

Vu Wikipedia
Debra Fischer
Gebuer 1. Mäerz 1951
Nationalitéit USA
Educatioun University of Iowa,
San Francisco State University,
Universitéit vu Kalifornien zu Santa Cruz,
Sacramento State University
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker
Member vun American Academy of Arts and Sciences

D'Debra Ann Fischer, gebuer am Joer 1953 ass eng US-amerikanesch Astronomin.

D'Fischer huet Physik op der Universéit Iowa studéiert a krut 1975 hire Bachelor of Science. 1986 huet si e Graduéiertestudium an der Physik an Astronomie op der SFSU ugefaangen; 1992 huet si hire Master of Science gemaach. Vun 1994 fuerscht si op der Universitéit vu Kalifornien, Santa Cruz an huet hei am Joer 1998 promovéiert.

D'Fischer war Professer fir Astronomie op der San Francisco State University an op der University of California, Berkeley an ass zanter 2009 Professer op der Yale University.

D'Fischer ass Co-Auteur vu méi wéi 80 wëssenschaftleche Publikatiounen iwwer Zwergstären a substellar Objetmassen an der galaktescher Noperschaft, virun allem vu villen extrasolare Planéiten. Si ass och Member am Planéitesichteam vum Geoffrey Marcy, dat no extrasolare Planéite sicht an der scho vill entdeckt huet. 2012 gouf d'Debra Fischer an d'American Academy of Arts and Sciences gewielt.

D'Debra Fischer huet dräi Kanner.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]