Deeg

En Deeg ass eng Mëschung aus Miel an enger Flëssegkeet, dacks Waasser oder Mëllech, déi beim Kachen a Baken zum Asaz kënnt. E bilt d'Grondlag fir d'Preparatioun vu ville verschiddene Platen, dorënner Bakwuere wéi Brout, Kichelcher a Kuch, an och zum Beispill Nuddelen, Pizza a Panecher.
Jee no Rezept kënne weider Ingrediente wéi Eeër, Salz, Zocker, Ueleg oder Hief derbäikommen. D'Miel kann vu Kären, Scheekefriichten, Gromperen oder Käschte stamen. Et existéiere vill verschidden Zorten Deeg mat ënnerschiddlecher Konsistenz. Deeg ka formbar oder méi leefeg sinn, a gëtt jee no Aart duerch Knieden, Réieren oder Schloen zoubereet.
Zu de bekannten Zorten Deeg zielen de Mierfdeeg (fir Taarten a Quichen), den Hiefdeeg (fir Brout, Verwurrelter a Pizza), de Bliederdeeg (fir méi feint Gebäck mat villen dënne Schichten, zum Beispill Croissanten oder Paschtéiten) an de Branddeeg (fir Gebäck wéi Chouen oder Eclairen).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Deeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |