Deegwueren

Vu Wikipedia
Dréchne vun Deegwueren an Taiwan

Deegwueren si Liewensmëttel aus Deeg ouni Dreifmëttel, d. h. aus engem Gemësch vu Miel aus Schmull, haarde Wees, Spelz, Räis oder aner Kären, a Waasser an heiansdo Eeër oder Salz. Nom Kniede gëtt den Deeg an déi verschiddenst Forme bruecht (déi bekanntst Zort sinn d'Nuddelen) an da gedréchent. Eng Gärungs- oder Bakprozedur gëtt net gebraucht.

D'Deegwuere gi gemenkerhand a kache Waasser gekacht, mä si kënnen och gebrode ginn.

Si enthale relativ vill Kuelenhydrater a sinn dowéinst ganz beléift bei Sportler déi no Energie gammsen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2002 hunn Archeologe bei Ausgruewungen zu Lajia um Giele Floss am Nordweste vu China 4000 Joer al Deegwuere fonnt, déi bis ewell déi eelst bekannt sinn.

An der Antiquitéit an am fréie Mëttelalter hunn ëmmer erëm Deegwuereplaten hire Wee bis an de Mëttelmierraum an an den Orient fonnt. Och am Rescht vun Asien huet sech eng Hellewull vu Varianten erausgebilt.

Éischt Versioune vun den haut bekannten italieenesche Pasta-Produkter fënnt een awer zanter dem 13. Joerhonnert. Dat fält zwar zäitlech zesumme mat dem Marco Polo senge China-Reesen, mä deen huet sech leschten Erkenntnesser no do wuel just d'Spaghetti ofgekuckt.

Mat de Spätzle huet sech awer och eng däitsch Deegwuer en Numm gemaach, déi geschriwwene Quellen no, spéitstens am Joer 1725 erfonnt gouf, wann net souguer vill éischter wéi mëttelalterlech Illustratiounen ze beleeë schéngen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Deegwueren – Biller, Videoen oder Audiodateien