Häerz-Jesu-Priisteren

D'Häerz-Jesu-Priisteren (och alt Häerz-Jesu-Pateren) sinn eng kathoulesch Kongregatioun, déi vum franséische Geeschtleche Léon Dehon (1843-1925) am Joer 1878 gegrënnt gouf.
- An anere Sproochen
- am Däitschen: Herz-Jesu-Priester oder Dehonianer
- am Franséischen: Prêtres du Sacré-Coeur-de-Saint-Quentin oder Prêtres du Sacré-Cœur, heiansdo och prêtres dehoniens.
D'Ofkierzung vun der Kongregatioun ass: S.C.J. (= Congregatio Sacerdotum a Sacro Corde Jesu).
Iwwer 2300 Häerz-Jesu-Priistere liewen an 42 Länner op véier Kontinenten (ausser an Australien)
Hierarcheschen Opbau vun der Kongregatioun
[änneren | Quelltext änneren]| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
Pater Generol
[änneren | Quelltext änneren]De Pater Generol gëtt vum Generolkapitel fir sechs Joer gewielt. En däerf net méi wéi 12 Joer op deem Poste bleiwen. D'Generolkapitel ass eng Versammlung vu gewielten Häerz-Jesu-Priisteren an de Cheffe vun alle Provënzen, déi net nëmmen de Leeder vun der Kongregatioun bestëmmt, mä och iwwer aktuell Theemae beroden an d'Haaptlinne vun der Kongregatioun festleet.
Op dem Generolkapitel vun 2003 zu Roum gouf de Pater José Ornelas Carvalho, de Pater Provinzial vu Portugal, zum Ieweschte gewielt. Päischten 2015 gouf den däitsche Pater Provinzial Heiner Wilmer zu sengem Nofollger gewielt.[1]
Pater Provënziol
[änneren | Quelltext änneren]De Pater Provënziol gëtt fir dräi Joer gewielt, a kann eng Kéier erëmgewielt ginn. Hie gëtt no der Wal vum Pater Generol ernannt, an huet dann e Provënzrot mat véier anere Priisteren ëm sech fir ze plangen a mat z'entscheeden.
De Pater Gérardy Lachivert ass den 1. Dezember 2005 fir dräi Joer fir déi Provënz ("EF") bestëmmt ginn, zu där Lëtzebuerg gehéiert. De Lëtzebuerger Pater Paul Birsens ass "'Éischte Conseiller" vun deem Provënzrot.
Häerz-Jesu-Priisteren zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]
D'Häerz-Jesu-Priistere si virun allem bekannt wéinst der École apostolique zu Clairefontaine an der Belsch, an dem Klouschter „Fünfbrunnen“ op der Pafemillen bei Ëlwen.
De bekanntsten Häerz-Jesu-Priister vu Lëtzebuerg war de Joseph Lorenzo Philippe, deen nom Doud vum Grënner Dehon, vum 20. Januar 1926 bis de 24. Oktober 1935 zweete Pater-Generol war an 1935 Bëschof vu Lëtzebuerg gouf.
E prominente Schüler vun der Schoul zu Clairefontaine ass de fréiere lëtzebuergesche Premierminister Jean-Claude Juncker (1967-1974). Och den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich huet e puer Joer zu Clairefontaine studéiert.
Missionnairen déi am Kongo ëmbruecht goufen
[änneren | Quelltext änneren]- Zu Stanleyville 1964 bei der Revolt vun de Simbaen:
- Pater Hendrik Van der Vegt (1909, SCJ), Hollänner
- Pater Hendrik Verberne (1924, SCJ), Hollänner
- Pater Frans Ten Bosch (1913, SCJ), Hollänner
- Brudder Martin Brabers (1905, SCJ), Hollänner
- Pater Jozef Conrad (1915, SCJ), Lëtzebuerger
- Pater Amour Aubert (1927, SCJ), Belsch
- Brudder Aloysius Paps (1921, SCJ), Belsch
- Pater Jean Trausch (1918, SCJ), Lëtzebuerger
- Brudder Hendrik Vanderbeek (1912, SCJ), Belsch
- Pater Gerard Nieuwkamp (1932, SCJ), Hollänner
- Zu Wamba bei der Simbarevolt:
- Monseigneur Joseph Wittebols (1912, SCJ), Belsch
- Pater Karel Bellinckx (1913, SCJ), Belsch
- Pater Christiaan Vandael (1929, SCJ), Belsch
- Pater Jérôme Vandemoere (1932, SCJ), Belsch
- Pater Leo Janssen (1926, SCJ), Belsch
- Pater Clément Burnotte (1930, SCJ), Belsch
- Pater Jacques Moreau (1934, SCJ), Belsch
- Brudder André Laureys (1913, SCJ), Belsch
- Zu Bafwasende bei der Simbarevolt:
- Pater Jan De Vries (1911, SCJ), Hollänner
- Hendrik Hams
- Piet van den Biggelaar
- Arnold Schouenberg
- Jan Slenter
- Wim Vranken
- Brudder Willem Schouenberg
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- P. Joseph Famerée SCJ, P. Gerhard Valerius SCJ, P. Yves Ledure SCJ, etc.: Pater (Léon) Dehon [= eng ganz Nummer iwwer de Grënner vun den Häerz-Jesu-Priister (1843-1925), säi Wierk, asw.]; Heimat + Mission, Nr. 6 / (Clairefontaine) 1993; Ss. 1-28 (ronn 10 Kontributiounen).
- (verschidden Auteuren), 100 Jahre Herz-Jesu-Priester ; Heimat + Mission, Nr. 7 / (Clairefontaine) 1978; Ss. 129-144.
- (verschidden Auteuren), 100 Jahre Herz-Jesu-Priester (in) Clairefontaine ; Heimat + Mission, Nr. 6 / (Clairefontaine) 1989; Ss. 97-125.
- P. N. (= Nicolas) Kayser SCJ, Clairefontaine ; Clairefontaine (Verlag Heimat + Mission), 1963; Drock: Kremer-Müller & Cie, Esch-Uelzecht; 160 S. (ill.).
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Häerz-Jesu-Priisteren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit iwwer d'Häerz-Jesu Priisteren
- Statistiken
- D'Provënzen a Linken drop
- Iwwer den Dehon
- Iwwer den Dehon op Italieenesch
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Nouveau Supérieur Général des Prêtres du Sacré-Cœur de Jésus, www.scjef.org, gekuckt den 11. November 2016;