Deifebaach

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Deifebaach ass eng kleng lëtzebuergesch Baach an der Ärenzdallgemeng.

Si huet hir Quellen am Bësch Seitert am Weste vun Iermsdref, op enger Héicht vun 320 Meter, just nieft der N14. Hire Laf ass op der ganzer Längt no Osten orientéiert, an no ronn 2.200 Meter leeft se op enger Héicht vun 247 Meter tëscht de Floueren Scheedel a Strachen an d'Wäiss Iernz.