Delta (Rakéit)

Vu Wikipedia
Delta II, III an IV am Verglach (Delta I ass net um Bild)

D'Delta ass eng vun den erfolgräichsten US-amerikaneschen Drorakéiten. Si gouf vun der Entreprise Douglas Aircraft Company entwéckelt a war d'Grondstuf gouf d'Thor-Rakéit. Am Laf vun de Jore gouf d'Delta stänneg modifizéiert a vergréissert, soudatt déi haiteg Delta kaum nach den éischte Modeller gläicht. D'Startmass ass vu ronn 50 t am Joer 1960 op iwwer 700 t am Joer 2004 geklommen, d'Notzlaaschtkapazitéit fir de Geotransferorbit (kuerz GTO) ass am selwechten Zäitraum vun 130 kg op 13.130 kg geklommen. Nodeem d'Douglas Aircraft Company 1997 vu Boeing opkaf gouf, ginn d'Delta-Rakéite vu Boeing produzéiert a verkaf. Zanter 1960 gouf d'Delta méi wéi 300-mol gestart an huet derbäi eng Zouverléissegkeet vu 95 % erreecht.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Eng Thor-Delta (Nr.11) start mam Telstar 1 den 10. Juli 1962 um Cape Canaveral
Eng Delta D mat engem INTELSAT-I-Satellit de 6. Abrëll 1965 um Cape Canaveral

Am Januar 1959 hat d'NASA der Douglas Aircraft Company eng Commande fir 12 Rakéite vu follgendem Typ ginn:

  • Stuf I: Modifizéiert Thor-IRBM mat engem Block-I-MB-3-Dreifwierk (676 kN Schub)
  • Stuf II: Modifizéiert Able (Delta genannt) mat engem Aerojet-AJ-10-118-Dreifwierk (34 kN Schub).
  • Stuf III: Altair mat engem ABL-X-248-Feststoffmotor (12 kN Schub)

D'Rakéit sollt eng Notzlaaschtkapazitéit vun 295 kg fir en niddregen Orbit a 45 kg fir e Geotransferorbit hunn a sollt eng Iwwerganksléisung fir 1960 an 61 sinn, ier aner, méi staark Rakéiten asazbereet wieren. Ausserdeem sollte mat der Rakéit nëmme wëssenschaftlech, meteorologesch a Kommunikatiounssatellitte gestart ginn. D'Rakéit krut den Numm Thor-Delta, spéider gouf se nëmmen nach Delta genannt, fir den net-militäresche Charakter vum Rakéiteprogramm z'ënnerscheeden. Vun den éischten 12 bestallte Rakéite waren der eelef erfollegräich, soudatt d'NASA sech entscheet huet, d'Delta weiderhin anzesetzen an huet scho virun 1962 nach 14 Rakéite bestallt.

Am Laf vun de Joren entstounge vill Versioune vun der Delta-Rakéit.

Delta I[änneren | Quelltext änneren]

Den éischte Fluch vun enger Thor-Delta war den 13. Mee 1960, bei deem de Satellit Echo 1 an de Weltraum gestart sollt ginn, wat leider e Feelschlag gi war. Awer schonn den zweete Fluch mat dem baugläiche Satellit Echo 1A war den 12. August 1960 erfollegräich. D'Rakéit krut den Numm Delta a gouf elo och dacks Delta I genannt.

Fréi Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Eng Delta N6 mat engem ITOS-Satellit bei de Startvirbereedungen am Oktober 1971 op der Vandenberg AFB
Eng Delta 900 mam Wiedersatellit Nimbus E aus enger ongewéinlecher Perspektiv den 12. Dezember 1972 op der Vandenberg AFB
Déi 112. Delta (Delta 1910) start mam Sonnenobservatoire OSO 8 (21. Juni 1975, Cape Canaveral)
Start vun enger Delta 2914 mam Ultraviolettsatellit IUE (26. Januar 1978, Cape Canaveral)
Delta 3910 mam SMM-Satellit (14. Februar 1980, Cape Canaveral)
Delta 6920-10 start mat ROSAT (1. Juni 1990, Cape Canaveral)
  • Delta (Delta DM-19) – ass déi éischt Versioun vun der Thor-Delta, déi wéinst hirer Thor-DM-19-Éischtstuf och dacks Delta DM-19 genannt gouf. Si hat eng Startmass vu 50 t a konnt 130 kg an e niddregen Orbit oder 45 kg an e Geotransfer-Orbit bréngen. Déi Versioun gouf am Ganzen 12-mol gestart, woubäi nëmmen ee Start e Feelschlag war.
  • Delta A – ënnerscheet sech vun der Delta DM-19 duerch eng modifizéiert Éischtstuf, déi e verbessert Dreifwierk krut, an elo d'Bezeechnung DM-21 krut. Déi zweet Stuf vun der Rakéit gouf och modifizéiert a krut doduerch d'Méiglechkeet vun enger Nozündung am Orbit. D'Startmass vun der Rakéit blouf praktesch d'selwecht, d'Notzlaaschtkapazitéit ass op 181 kg eropgaange fir eng niddreg Ëmlafbunn an op 54 kg fir de GTO. D'Delta A war nëmmen zweemol gestart, béid Starte waren erfollegräich. Den éischte Start war den 2. Oktober 1962.
  • Delta B – ënnerscheet sech vun der Delta A nëmmen duerch eng méi laang zweet Stuf, déi doduerch méi Dreifstoff ophuele konnt. D'Notzlaaschtkapazitéit war op 370 kg geklomme fir eng niddreg Ëmlafbunn an op 68 kg fir de GTO. D'Rakéit war néngmol gestart, ee Start war net erfollegräich. Den éischte Start war den 13. Dezember 1962 mam experimentelle Kommunikatiounssatellit Relay I.
  • Delta C – krut eng nei Altair-2-Drëttstuf, déi di al Altair 1 ersat huet. Donieft gouf et och eng Delta-C1-Versioun, déi eng FW-4D-Drëttstuf agesat hat. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta C war 410 kg fir en niddregen Orbit an 82 kg fir de GTO. D'Delta C (zesumme mat der C1) goufen am Ganze 16-mol gestart, woubäi et zwéi Feelstarte gouf. Den éischte Start war de 27. November 1963.
  • Delta D – ënnerscheet sech vun der Delta C duerch d'Ubrénge vun dräi Castor-I-Feststoffboosteren un déi éischt Stuf vun der Rakéit. Ausserdeem gouf d'Dreifwierk vun der éischter Stuf modifizéiert. D'Notzlaaschtkapazitéit war 450 kg fir en niddregen Orbit an 104 kg fir de GTO. D'Delta D gouf zweemol gestart, béid Asätz waren erfollegräich. Den éischte Start war den 19. August 1964.
  • Delta E – krut eng nei Drëttstuf, déi ongeféier duebel sou schwéier war wéi déi al. Zousätzlech gouf den Duerchmiesser vun der zweeter Stuf vergréissert, soudatt hir Tanke méi Dreifstoff faasse konnten. Ausserdeem goufen elo dräi Boostere vum Typ Castor II agesat, déi eppes méi staark ware wéi déi al Castor I. Och do gouf et eng Delta-E1-Versioun mat enger FW-4D-Drëttstuf. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta E war elo op 750 kg fir eng niddreg Ëmafbunn geklomm an op 150 kg fir de GTO. D'Rakéit gouf 23-mol gestart, ee Start war net erfollegräich. Den éischte Start war de 6. November 1965.
  • Delta G – ass eng Delta E ouni déi drëtt Stuf, well si nëmme fir Starte vu Satellitte mat niddreger Ëmlafbunn, agesat gouf woufir keng zousätzlech drëtt Stuf gebraucht gëtt. D'Notzlaaschtkapazitéit fir eng niddreg Ëmlafbunn war 735 kg. D'Delta G hat zwéin erfollegräich Asätz. Den éischte Start war de 14. Dezember 1966.
  • Delta J – ass eng Delta E mat enger staarker Burner-2-Drëttstuf, déi ongeféier duebel sou grouss wéi déi al Altair 2 war. Delta J konnt 800 kg an en niddregen Orbit oder 263 kg an de GTO bréngen. D'Rakéit gouf nëmmen eemol gestart. De Start war erfollegräich de 4. Juli 1968.
  • Delta L – krut eng verlängerte Éischttstuf, déi elo 20 t méi schwéier war wéi déi al. Als drëtt Stuf gouf eng FW-4D-Stuf agesat. Doduerch war d'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta L op ongeféier 300 kg fir de GTO geklommen. Et gouf een erfollegräichen an ee Feelstart. Den éischte Start war de 27. August 1969.
  • Delta M – ënnerscheet sech vun der Delta L duerch den Asaz vun der Burner-2-Uewerstuf, déi scho bei der Delta J benotzt gouf. Ausserdeem gouf et eng Delta-M6-Versioun, bei där fir d'éischt sechs Castor-II-Feststoffboosteren agesat goufen. D'Notzlaaschtkapazitéit fir de GTO war 356 kg (454 kg bei der Delta M6). Et gouf am Ganzen 13 Starte vun der M-Versioun, dovu waren dräi Feelstarten. Den éischte Start war den 19. September 1968.
  • Delta N – ënnerscheet sech vun der Delta M nëmmen duerch d'Feele vun der drëtter Stuf, déi fir Starten an niddregen Orbiter, fir déi d'Delta N ausgeluecht war, net gebraucht gouf. Wéi bei der Delta M gouf et hei eng Delta-N6-Versioun, déi mat sechs Boosteren ausgerëscht war. D'Notzlaaschtkapazitéit fir en niddregen Orbit war 900 kg (1600 kg bei der Delta N6). Vun den néng Starte vun der N-Versioun war een net erfollegräich. Den éischte Start war de 16. August 1968.

Spéider Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Benennung vun de ville Delta-Versiounen ze komplizéiert gi war, gouf entscheet, en neit Benennungssystem anzeféieren. Elo krut jiddwer Versioun eng véierstelleg Nummer, woubäi déi eenzel Zifferen no follgendem Schlëssel zougewise goufen:

    • déi éischt Ziffer gouf mat enger essentieller Ännerung un der éischter Stuf vun der Rakéit oder un de Feststoffboostere gläichgestallt. D'Thor LLT Stuf mat de Castor-II-Boosteren déi grad am Asaz war krut d'Ziffer 0.
    • déi zweet Ziffer bedeit d'Zuel vun de Feststoffboostere, woubäi 0 fir eng Rakéit ouni Booster steet.
    • déi drëtt Ziffer entsprécht der zweeter Stuf. D'Stuf déi grad am Asz war krut eng 0.
    • déi véiert Ziffer entsprécht der drëtter Stuf. Eng Star-37D-Stuf krut eng 3 an eng Star 37E eng 4
  • d' x00er Serie – ënnerscheet sech vun der Delta N duerch eng eppes modifizéiert zweet Stuf an doduerch, datt elo bis zu néng Boosteren un d'Rakéit ugehaange konnte ginn. Vun där Serie waren nëmme d'0300- an d'0900-Versiounen, woubäi dacks déi éischt Ziffer ewechgelooss goufen an dës Versiounen nëmmen 300 oder 900 genannt goufen. Et gouf am Ganze fënnef Starten, dovun ee Feelstart. Den éischte Start war den 23. Juli 1972.
  • d'1000er Serie – krut eng modifizéiert éischt Stuf, eng Thor-ELT, si war 14 t méi schwéier wéi déi al. Doduerch gouf déi éischt Ziffer an der Bezeechnung eng 1. Ausserdeem gouf et an där Serie och eng modifizéiert, zweet Stuf vun der Rakéit, déi eng 1 op der drëtter Plaz vun der Bezeechnung krut. Bei alle Rakéite mat der modifizéierter zweeter Stuf, gouf den Duerchmiesser bis zu der kegelfërmeger Rakéitespëtzt op dee vun der Thor hirer éischter Stuf vun 8 Fouss (2,44 m) erhéicht. Dee gouf duerch e neie Stufenadapter an enger Notzlaaschtverkleedung mat jee 2,44 m Duerchmiesser erreecht, déi alles iwwer der éischter Stuf ëmschloss huet. Déi zweet Stuf, där hiren Duerchmiesser méi kleng war wéi d'Verkleedung, gouf vu bannen am Zentrum fest gemaach.[1],[2] Donieft gouf och déi méi al zweet Stuf ouni déi nei Verkleedung agesat. (0 un der drëtter Plaz). Et goufe follgend Versioune gestart: 1604, 1410, 1900, 1910, 1913 an 1914. Et gouf am Ganzen aacht Starte vun dëser Serie, si waren all erfollegräich. Den éischte Start war den 23. September 1972.
  • bei der 2000er Serie krut déi éischt Stuf en neit RS-27-Dreifwierk. Ausserdeem gouf d'Delta nëmmen nach mam Duerchmiesser vun 8 Fouss gebaut, woumat se vun der 2000 Serie un, ëmmer ausgesinn huet wéi déi modern Delta-II-Rakéit. D'Serie hat vill kommerziell Notzlaaschte gestart a gouf dofir a grousser Stéckzuel gebaut. Am Ganze goufe 44 Starte gemaach, woubäi nëmmen ee Start en Deelerfolleg war. Follgend Versioune goufen agesat: 2310, 2313, 2910, 2913 an 2914. Den éischte Start war den 19. Januar 1974.
  • d'3000er Serie – d'Ännerung vun der éischter Ziffer koum duerch de Changement vum Castor II op de Castor-IV-Booster, déi vill méi grouss a méi schwéier ware wéi déi al Boosteren. Ausserdeem gouf an där Serie nieft der aler zweeter Stuf och och déi nei AJ-10-118K-ITIP agesat, déi mat enger 2 op der drëtter Plaz gezeechent gouf. Doriwwer eraus gouf et zanter dëser Serie eng nei drëtt Stuf PAM-D. Am Géigesaz zu aneren Uewerstufen gouf d'PAM-D net duerch eng Ziffer markéiert, mä et gouf hannert d'Rakéitebezeechnung derbäigeschriwwen. Vun där Serie sinn 38 Rakéite gestart ginn. Dräi Starte ware feelgeschlogen. Follgend Versioune goufen agesat: 3910, 3913, 3914, 3910 PAM-D, 3920, 3924 an 3920 PAM-D. Den éischte Start war den 13. Dezember 1975.
  • déi 4000er Serie – bei déier Serie goufen nees nei Feststoffboostere gebraucht, déi Kéier an de Versiounen Castor IV-A an IV-B. Déi béid Boosterversioune goufe parallel agesat, woubäi d'IV-A scho beim Start vun der Rakéit gezünnt gouf an d'IV-B eréischt spéider am Fluch. D'Castor IV-B haten – géigeniwwer der soss identescher Castor IV-A – als Upassung un de méi niddrege Loftdrock a grousser Héicht, méi grouss Schubdüsen. Déi hu gedéngt fir d'Verbesserung vum Entspannungsverhältnes a Schuberhéijung. Ausserdeem hat d'4000er Serie bei der éischter Stuf dat alt MB-3-III-Dreifwierk benotzt, dat fir d'lescht bei der 1000er Serie agesat gouf. Dat koum doduerch, well nach ettlech al Dreifwierker iwwreg waren, an een déi net wollt verschrotten. Och d'PAM-D-Uewerstuf krut elo eng Kennzeecheziffer, an zwar eng 5 un der véierter Plaz. Vun déier Serie goufen et zwee Starten, béid Rakéite sinn an der Versioun 4925 geflunn, an hunn hir Notzlaascht erfollegräich an de Weltraum bruecht. D'Notzlaaschtkapazitéit vun enger Delta 4925 war 1312 kg fir de GTO. Den éischte Start war de 27. August 1989.
  • d'5000er Serie – ënnerscheet sech vun der 4000-Serie nëmmen duerch den Asaz vum RS-27-Dreifwierk an der éischter Stuf vun der Rakéit, déi schonn zanter der 2000er-Serie gebraucht gouf. Et gouf nëmmen ee Start vun dëser Serie an zwar an der Versioun 5920. Dee Start vum 18. November 1989, a war erfollegräich.
  • d'6000er Serie – gouf als Ersatz fir de Space Shuttle entwéckelt, déi no der Challenger-Katastroph zanter 1986 net méi fir d'Starte vu kommerziellen a Militärsatellitten zur Dispositioun stoung. Fir d'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta méi grouss ze maachen, gouf déi éischt Stuf staark verlängert, soudatt se méi Dreifstoff ophuele konnt. Ausserdeem gouf et zanter dëser Versioun dräi verschidde Notzlaaschtverkleedungen, déi al mat 2,4 Meter (aacht Fouss) Duerchmiesser an déi nei mat 2,85 an 3 Meter (9,5 respektiv 10 Fouss) Duerchmiesser, wat duerch d'Ubrénge vun enger -8 oder -10 an de Rakéitentyp gezeechet gouf (9,5 Fouss war elo Standardverkleedung a gouf net extra gezeechent). D'Rakéite vun där Serie sinn am Ganze 17-mol gestart. All d'Starte waren erfolleggräich. Follgend Versioune goufen agesat: 6920-8, 6920-10, 6925 an 6925-8. Den éischte Start war de 14. Februar 1989.

Delta II[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Delta II 

Eng Delta 7920-10C start mam Satellit Gravity Probe B (20. Abrëll 2004).
Delta II 7925 (2925) mat der Sond Deep Impact

D'Delta II ënnerscheet sech vun der 6000er Serie nëmmen duerch e modifizéiert Dreifwierk vun der éischter Stuf an duerch nei Feststoffboosteren. Déi éischt Stuf krut en RS-27A-Dreifwierk, dat eppes méi Schub wéi d'RS-27 geliwwert huet. D'Castor-IV-Boostere goufe mat eppes méi grousse GEM-40-Boosteren ersat. Och fir d'Delta II gouf dat numerescht Kennzeechesystem benotzt, si krut eng 7 un éischter Plaz. Ausserdeem gëtt et zanter 2003 eng Delta II mat méi staarke GEM-46-Boosteren, déi och bei der Delta III zum Asaz koumen, a vun där iwwerholl goufen. Déi Delta-Rakéite gi mam Bäisetze vum Buschtaf H gekennzeechent. D'Notzlaaschtkapazitéit vun enger Delta II 7920 ass ongeféier 5000 kg fir e niddregen Orbit a vun enger Delta II 7925 ongeféier 1800 kg fir de GTO.

Den éischte Start vun enger Delta II war de 26. November 1990 mam GPS-Satellit u Bord. Zanterhier ass si méi wéi 100-mol geflunn. Nom Stand vun Ufank 2005 gouf et nëmmen zwéi Feelstarten. Well d'Delta II zanter Ufank vun den 90er Jore fir kommerziell Kommunikatiounssatellitten ze schwaach gi war, gëtt si elo haaptsächlech fir Starte vu méi klenge Militärsatellitten, wéi z. B. de GPS-Satellitten bis zum Enn vun der GPS IIR-M Serie a fir d'Starte vu Fuerschungssatellitte vun der NASA gebraucht. Och déi meescht interplanetar Raumsonde vun der NASA goufe mat der Delta II gestart, sou z. B. all d'Mars-Missioune vun 1996 bis 2003, Stardust, Messenger, Deep Impact a vill anerer.

Fir niddreg Äerdorbitten a Planéitemissioune stinn och Versioune mat nëmmen dräi oder véier Boosteren zur Dispositioun. D'Delta II gëtt och, beim Start vu liichte Raumsonden, mat enger klengerer drëtter Stuf agesat. Déi hunn e Star-37FM-Undriff a sinn nëmmen 1063 kg schwéier, amplaz vun 2141 kg wéi d'PAM-D-Uewerstuf. Déi nei Uewerstuf reduzéiert d'Notzlaaschtkapazitéit awer massiv, woufir si och ganz rar agesat gëtt. Se krut als Endziffer eng 6 a gouf bis elo just fir d'Missiounen IMAGE, Stardust, Genesis an Deep Space 1 agesat.

Am Hibléck op déi nei Nomenklatur vun der Delta IV schwätzt d'NASA och vun der Delta 2xxx. Dobäi besteet eng Verwiesselungsgefor mat der 2000er Serie vun der Delta I. De Produzent Boeing huet awer déi al Schreifweis 7xxx bäibehalen.

D'Delta II soll an Zukunft mat den neien Delta-IV-Rakéiten ersat ginn.

Delta III[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Stuf vun enger Delta III

Well d'Delta II fir déi grouss Mass u Satellitte mat hire kommerzielle Notzlaaschten ze kleng ginn ass, gouf ëm 1995 beschloss, déi méi staark Delta III z'entwéckelen.

Un der éischter Stuf vun der Delta III gouf am Verglach zu der Delta II kaum eppes verännert: D'Tanke goufe verkierzt, fir déi ganz Längt vun der Rakéit net onnéideg ze vergréisseren, ausserdeem goufen déi al GEM-40 Feststoffboosteren duerch déi eppes méi laang an och méi breet GEM-46, oder GEM LDXL (Large Diameter Extended Length), ersat. Delta III krut eng nei, héichenergetesch zweet Stuf, déi vun engem Pratt & Whitney RL-10B2-Dreifwierk ugedriwwe gouf. D'RL-10B2 huet flëssege Waasserstoff a Sauerstoff als Dreifstoff benotzt an huet e Schub vun 110 kN geliwwert. D'Dreifwierk ass eng Variant vum RL-10-Dreifwierk vun der Centaur-Uewerstuf, dat zudeem eng Schubdüs, mat ausfuerbaren Deeler, huet. Doduerch léisst sech d'Stuf méi liicht an d'Rakéit integréieren, bitt awer trotzdeem no der Stufentrennung an uschléissendem Ausfueren vun der Düs op déi voll Längt eng verstäerkt Leeschtungsfäegkeet. Déi aus Kuelefaserverbondmaterialien bestoend Schubdüs gëtt bei SEP a Frankräich fabrizéiert. D'Stuf ënnerscheet sech vun der Centaur och doduerch, datt hir Tanken d'Stabilitéit och ouni eng Drockverbesserung hunn, wat bei der Centaur net de Fall ass. Den Duerchmiesser vum Waasserstofftank vun der zweeter Stuf ass 4 m, dee vum drënner leiende Sauerstofftank 2,4 m, wat dem Duerchmiesser vun der Delta II entsprécht. Weider krut d'Rakéit eng nei méi grouss Notzlaaschtverkleedung mat 4 m Duerchmiesser. Duerch all déi Ännerungen ass d'Notzlaaschtkapazitéit vun der Delta III op 3810 kg fir de Geotransfer-Orbit geklomm, méi wéi dat duebelt vun enger Delta II. Och fir d'Delta III gëllt dat numerescht Bezeechnungssystem, dofir steet un der éischter Plaz eng 8 an op der drëtter eng 3 fir déi nei zweet Stuf. D'NASA géif dogéint no hirer neier Nomenklatur op der éischter Plaz eng 3 gebrauchen.

Den éischte Start vun der Delta III war de 27. August 1998 mä se war kuerz nom Ofhiewen explodéiert. Och den nächste Start, de 5. Mee 1999 war e Feelschlag. Eréischt beim drëtte Start den 23. August 2000 huet d'Notzlaascht en Orbit erreecht, deen awer méi niddreg war, wéi erwaart gouf, soudatt dee Start nëmmen als en Deelerfolleg notéiert gouf. Allen dräi Rakéite sinn an der Versioun 8930 geflunn.

No deene Feelschléi mat der Produktioun vun der Delta III opgehalen, a gouf am Joer 2002 mat der neier Delta IV ersat. All Notzlaaschte vun der Delta III goufen dobäi op d'Delta IV ëmgebucht. En ettlech Technologie vun der Delta III goufen an der Delta IV benotzt, sou z. B. gouf déi zweet Stuf vun der Delta III bal onverännert iwwerholl. D'GEM-46-Feststoffboostere goufen dogéint vun der Delta III fir déi nei Delta-II-Heavy-Versiounen iwwerholl.

Delta IV[änneren | Quelltext änneren]

Start vun enger Delta IV Medium mat engem DSCS-Satellit

  Haaptartikel zu dësem Theema: Delta IV 


Den 20. November 2002 ass déi éischt Delta IV vu Cape Canaveral aus gestart. D'Delta IV entstoung am Kader vum Evolved-Expendable-Launch-Vehicles-Programm vun der US Air Force, fir déi eeler Rakéitentyppen ze ersetzen. Fir d'Delta IV gouf eng komplett nei éischt Stuf entwéckelt, déi vun engem geneesou neie Rocketdyne-RS-68-Rakéitendreifwierk ugedriwwe gëtt. D'Dreifwierk verbrennt flëssege Waasserstoff mat flëssegem Sauerstoff (LH2/LOX). Déi éischt Stuf krut den Numm CBC (Common Booster Core) a bilt d'Grondlag fir all Versioune vun der Delta IV. Déi zweet Stuf vun der Delta IV gouf haaptsächlech aus der Delta III iwwerholl.

Am Ament gi vu Boeing fënnef verschidde Versioune vun der Delta-IV-Rei ugebueden:

  • Delta IV Medium – huet eng Notzlaaschtverkleedung vu véier Meter Duerchmiesser a keng Feststoffbooster.
  • Delta IV Medium+ (4,2) – ënnerscheet sech vun der Medium-Grondversioun duerch zwee zousätzlech GEM-60-Boostere.
  • Delta IV Medium+ (5,2) – ënnerscheet sech vun der Medium+ (4,2)-Versioun duerch eng Notzlaaschtverkleedung vu fënnef Meter Duerchmiesser an enger eppes méi héijer Dreifstoffkapazitéit vun der zweeter Stuf.
  • Delta IV Medium+ (5,4) – ass déi stäerkst Versioun vun der Medium-Rei an ënnerscheet sech vun der Medium+ (5,2) duerch zwéi weider GEM-60-Boostere, woumat d'Zuel vun de Boosteren op véier klëmmt.
  • Delta IV Heavy – besteet aus dräi gebëndelten CBCen als éischt Stuf, an ass ongeféier duebel sou staark, wéi déi stäerkst Medium-Versioun.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Delta – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Norbert Brügge: Delta I
  2. Kuckt d'Fotoe: Delta 1410 an Delta 1910