Democratic Party (USA)

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
430 South Capitol St. SE,
Washington, D.C., 20003
 USA
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 1828
Memberen: 43,1 Milliounen (2012)[1]
Ideologie: Amerikanesche Liberalismus
Lénksliberalismus
Zentrismus
Progressivismus
Faarf: Blo (inoffiziell)
Websäit: www.democrats.org
De Barack Obama ënnerschreift de Patient Protection and Affordable Care Act, deen den Zougank zur Krankeversécherung reegelt (2010). Dat Gesetz war en zentrale Bestanddeel vun der Politik vun den Demokrate wärend senger Presidentschaft.

D'Demokratesch Partei (en.: Democratic Party) ass nieft der Republikanescher Partei eng vun den zwou grousse politesche Parteien an den USA. Si gëllt als déi méi progressiv.

D'Demokratesch Partei gouf 1828 gegrënnt. Domat ass si déi eelst politesch Partei, déi nach existéiert. Bis haut waren am Ganze 15 Demokrate President vun den USA; deen éischte war den Andrew Jackson (1829-1837) an de rezentsten ass den aktuelle President Barack Obama zënter 2009.

Zënter den 1930er Joren ass d'Partei eng Plattform fir Mëtt-lénks a lénksliberal Iddien an ënnerstëtzt eng Ekonomie mixte a sozial Gerechtegkeet. Der Partei hir Ideologie vu "modernem amerikanesche Liberalismus" promouvéiert sozial a wirtschaftlech Gläichberechtegung an de Wuelfaartsstaat. D'Ekonomie mixte soll duerch Regierungsinterventiounen a Wirtschaftsregulatiounen duerchgesat ginn. Interventioune wéi eng universell Gesondheetsversuergung, Gewerkschaften, sozial Programmer, Chancëgläichheet, Konsumenteschutz an Ëmweltschutz bilden d'Basis vun den Demokraten hirer Wirtschaftspolitik.

Am 20. Joerhonnert hat d'Partei nach e konservative Wirtschaftsfligel, deen an de grousse Stied baséiert war, an e populisteschen Agrarfligel aus dem Süde vum Land. De Wirtschaftsfligel ass no 1932 erläscht an d'südlech Populiste sinn no 1980 an d'Republikanesch Partei gaangen. Haut sinn déi meescht gewielt Deputéiert vun der Demokratescher Partei Progressisten an Zentristen.

Dat traditionellt (mä inoffiziellt) Maskottche vun der Partei ass en Iesel.

Demokratesch Presidente vun den USA[änneren | Quelltext änneren]

  1. Andrew Jackson (1829–1837)
  2. Martin Van Buren (1837–1841)
  3. James K. Polk (1845–1849)
  4. Franklin Pierce (1853–1857)
  5. James Buchanan (1857–1861)
  6. Andrew Johnson (1865-1869)
  7. Grover Cleveland (1885–1889), (1893–1897)
  8. Woodrow Wilson (1913–1921)
  9. Franklin D. Roosevelt (1933–1945)
  10. Harry S. Truman (1945–1953)
  11. John F. Kennedy (1961–1963)
  12. Lyndon B. Johnson (1963–1969)
  13. Jimmy Carter (1977–1981)
  14. Bill Clinton (1993–2001)
  15. Barack Obama (2009–2017)
  16. Joe Biden (2021-)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Demokratesch Partei – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ProCon: US Political Parties (11. September 2012)