Demokratikus Koalíció
Demokratikus Koalíció Demokratesch Koalitioun | |
|---|---|
|
| |
| Ofkierzung | DK |
| Presidentin | Klára Dobrev |
| Gegrënnt | 22. Oktober 2011 |
| Ideologien |
Sozialdemokratesch Pro-europäesch |
| Politesch Positioun | Lénks |
| Ungarescht Parlament |
16/199 Sëtz |
| Europaparlament |
2/21 Sëtz |
| Generalversammlung vu Budapest |
3/33 Sëtz |
| Websäit | www.dkp.hu |
|
| |
D'Demokratikus Koalíció (kuerz: DK, lb: Demokratesch Koalitioun) ass eng sozialdemokratesch[1] a sozial-liberal[2] politesch Partei an Ungarn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Partei gouf 2010 vum fréiere Premierminister Ferenc Gyurcsány als eng Fraktioun an der Ungarescher Sozialistescher Partei gegrënnt. Den 22. Oktober 2011 huet sech d'Demokratesch Koalitioun vun der Sozialistescher Partei getrennt a gouf eng eege Partei.
Fir d'Europawalen 2019 huet d'DK eng europäesch federalistesch Positioun ageholl, déi sech fir d'"Vereenegt Staate vun Europa" asetzt.[3][4][5]
D'Partei gehéiert zur Partei vun den Europäesche Sozialisten, ma hir Europadeputéiert si Membere vun der Progressiver Allianz vun de Sozialisten an Demokraten (S&D). No den Europawalen 2019 huet d'Demokratesch Koalitioun de Bäitrëtt an d'Allianz vun de Liberalen an Demokrate fir Europa ofgeleent an huet decidéiert am S&D Grupp ze bleiwen.[6]
Parteipresidenten
[änneren | Quelltext änneren]- Ferenc Gyurcsány (2011 – 2025)
- Csaba Molnár (2025 – 2025)
- Klára Dobrev (2025 – )
Walresultater
[änneren | Quelltext änneren]Parlamentswalen
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | % | Rang | Zuel Sëtz | Regierungsbedeelegung |
|---|---|---|---|---|
| 2014[7] | 25,57 | 2. | 4/199 Sëtz |
Oppositioun |
| 2018 | 5,41 | 4. | 9/199 Sëtz |
Oppositioun |
| 2022[8] | 34,44 | 2. | 15/199 Sëtz |
Oppositioun |
Europawalen
[änneren | Quelltext änneren]| Joer | Stëmmen | % | Sëtz | Rang | Deputéiert | Grupp |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 2014 | 226.086 | 9,75 | 2/21 Sëtz |
4. | Ferenc Gyurcsány
Csaba Molnár |
PES |
| 2019 | 557.081 | 16,05 | 4/21 Sëtz |
2. | Klára Dobrev
Csaba Molnár Sándor Rónai Attila Ara-Kovács | |
| 2024[9] | 367.162 | 8,03 | 2/21 Sëtz |
3. | Klára Dobrev
Csaba Molnár |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Demokratikus Koalíció – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Miklós Sebők, Zsolt Boda, Policy Agendas in Autocracy, and Hybrid Regimes: The Case of Hungary. Springer Nature (01.06.2021). Gekuckt den 01.02.2026.
- ↑ (en) Ulf Hedetoft, Paradoxes of Populism. Anthem Press (29.02.2020). Gekuckt den 01.02.2026.
- ↑ (en) Ferenc Gyurcsány's Democratic Coalition becomes largest opposition party in Hungary. Hungarian Free Press (27.05.2019) Archivéiert de 27.05.2019. Gekuckt den 01.02.2026.
- ↑ (en) David Wemer, The importance of Hungary’s European election. Atlantic Council (17.05.2019). Gekuckt den 01.02.2026.
- ↑ (hu) Dobrev: Álmunk az Európai Egyesült Államok álma. Mandiner (12.04.2019). Gekuckt den 01.02.2026.
- ↑ (en) Daily News Hungary, Opposition Democratic Coalition to stay with European Socialists and Democrats (31.05.2019). Gekuckt den 01.02.2026.
- ↑ A Koalitioun mat der Magyar Szocialista Párt, Együtt–Párbeszéd Magyarországért an der Magyar Liberális Párt
- ↑ A Koalitioun mam Bëndnis Egységben Magyarországért (Vereent fir Ungarn)
- ↑ A Koalitioun mat der Sozialistesch Partei an dem Dialog fir Ungarn.
