RTL Zwee
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Den 2. RTL)
| RTL ZWEE | |
|---|---|
|
| |
| Typ | S.A |
| Grënnungsdatum | 15. Mäerz 2004 |
| Sëtz |
CLT-UFA S.A. RTL Group 43, boulevard Pierre Frieden, L-1543 Lëtzebuerg |
| Besëtzer | RTL Group |
| Generaldirekter | Christophe Goossens |
| Branche | Medien |
| Homepage | https://rtl-zwee |
|
| |
RTL Zwee, bis den 23. Mäerz 2020 Den 2. RTL, ass e lëtzebuergesche privaten Televisiounssender. En ass no RTL Télé Lëtzebuerg den zweete Programm vun der RTL Lëtzebuerg.
Den 2. RTL gouf de 15. Mäerz 2004 gegrënnt a riicht sech haaptsächlech un de Jonktem an u jonk Erwuessener. De Programm ass haaptsächlech op Lëtzebuergesch an deelweis op Däitsch a Franséisch. En ass iwwer d'Gemeinschaftsantenn an iwwer DTB ze gesinn.
Formater
[änneren | Quelltext änneren]| Sendungen | Genre | Detail |
|---|---|---|
| De Journal | Noriichtesendung | Noriichten op Lëtzebuergesch |
| De Magazin | Theemesendung | Aktuell Theemen, Personnagen, Eventer an dat wat d'Leit beweegt. 30 Minutte mat Reportagen, Live-Interventiounen an Invitéeën. |
| "5 minutes" | Noriichtesendung | Noriichten op Franséisch |
| Famillenduell | Game-Show | “Mir hunn 100 Leit gefrot....“ an zwou Famillen äntweren. D'Game-Show op RTL mam Dan Spogen. |
| Musekbox | Musekssendung | Musek vun doheem – eng hallef Stonn Videoclips vu Lëtzebuerger Museker |
| Radio Web TV | Informatiounsprogramm | RTL Radio Lëtzebuerg live aus dem Studio mat Meteoskaarten, Trafic-Info an Webcams |
| Teleshopping | Tëleeshopping | |
| UEFA Champions League | Sport | |
| FIA Formula 1 World Championship™ | Automobilsport | Vun Enn Mäerz 2021 u ginn all d'Grand Prixe live op RTL Zwee an RTL Play gewisen. RTL Lëtzebuerg huet sech d'Rechter fir weider 3 Saisone geséchert; de neie Kontrakt leeft elo bis 2026. |
(Stand: November 2023)
Logoen
[änneren | Quelltext änneren]- Logo bis 2007
- vun 2007 bis 2020
- vun 2020 bis 2023
- zanter 2023
