Op den Inhalt sprangen

Denis vu Paräis

Vu Wikipedia
Denis vu Paräis
Titel
Biographie
Gebuer 3. Joerhonnert jul.
Gestuerwen 250 jul.
Lutetia
Doudesursaach Käppen
Graf Kathedral vu Saint-Denis
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit kathoulesche Priister,
kathoulesche Bëschof
Aner Informatiounen
Gedenkdag 9. Oktober
Den hl. Denis vum Antoine Le Moiturier, ëm 1460; haut Skulpturensammlung Berlin.

Den Denis oder Dionysius vu Paräis war am 3. Joerhonnert e Missionnaire a Gallien, deen éischte Bëschof vu Paräis an e Märtyrer.

Hie gëtt vun der orthodoxen, der kathoulescher an der anglikanescher Kierch als Hellege veréiert an ass ee vun de Véierzéng Nouthellegen.

Den Denis/Dionysius gouf an der Mëtt vum 3. Joerhonnert, ëm 250 vum Poopst Fabianus mat sechs anere Bëscheef vu Roum aus als Missionar a Gallie geschéckt. Dem Grégoire vun Tours no war den Denis ëm 250 Bëschof vu Lutetia (Paräis). De réimesche Prefekt huet den Uerder ginn, fir den Denis a seng zwéi Begleeder Rustique an Eleuthère ze käppen. Der Legend no hätt den Denis no senger Exekutioun um Montmartre säi Kapp opgeraf, en an enger Quell gewäsch, a wier da mam Kapp am Grapp sechs Kilometer Richtung Norde getrëppelt, bis op déi Plaz, wou e wollt begruewe ginn. Do huet dann och de fränkesche Kinnek Dagobert I. 626 d'Abtei an d'Basilika Saint-Denis baue gelooss, wou an de Joerhonnerten dono vill franséisch Kinneke begruewe goufen.

Wéinst dëser legendärer Spadséieraktioun gëtt den Denis zu de Kephalophore ("Kappdréier") gezielt.

Den hl. Denis gëllt als Nationalhellege vu Frankräich an als Patréiner vun de franséische Kinneken, sou wéi vun enger Rëtsch Uertschaften, déi no him genannt goufen (ë. a. Saint-Denis bei Paräis an op der Réunion). Säi Gedenkdag ass den 9. Oktober.

Hie gëtt gewéinlech a Molerei a Skulptur als Bëschof mam sengem Kapp am Grapp duergestallt.

Commons: Denis vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien