Departement Corrèze

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Corrèze (19)
Regioun Nei-Aquitaine
Prefecture Tulle
Ënnerprefecture Brive-la-Gaillarde
Ussel
Bevëlkerung 242 896 Aw.(2008)
Fläch 5 857 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 37
Gemengen 286

D'Corrèze (19) ass e franséischt Departement an der Regioun Nei-Aquitaine. Et krut säin Numm vum Floss Corrèze deen derduerch fléisst.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Departement gouf wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 (Gesetz vum 22. Dezember 1789 aus Deeler vun der Provënz Limousin geschaf.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vun der Corrèze

D'Corrèze grenzt un d'Departementer Creuse, Haute-Vienne, Cantal, Puy-de-Dôme, Lot an Dordogne.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

D'Bevëlkerungszuel geet zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert no ënnen a louch 2008 bei 242 896 Awunner. An engem Drëttel vun de Gemenge gëtt et méi Leit iwwer 75 Joer wéi der ënner 20.

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Bis am Ufank vum 20. Joerhonnert war de Limousin, en Dialekt vun der okzitanescher Sproochefamill, déi gängest mëndlech Sprooch, bis et verbuede gouf, s'an de Schoulen ze schwätzen. Se gëtt haut bal just nach geleeëntlech vun eelere Leit geschwat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: D'Corrèze – Biller, Videoen oder Audiodateien