Op den Inhalt sprangen

Departement Corse-du-Sud

Vu Wikipedia
Corse-du-Sud (2A)
Regioun Korsika
PrefectureAjaccio
ËnnerprefectureSartène
Bevëlkerung135 718 Aw.(2006)
Fläch4 014 km²
Arrondissementer2
Kantonen22
Gemengen124

D'Departement Corse-du-Sud (2A) ass e franséischt Departement op der Insel Korsika. Et ass de südlechen Deel vun der Insel.

Zanter der Reform vun den Territoiren 2015, ass d'Corse-du-Sud keng agministrativ Regioun méi, si ass zesumme mat der Haute-Corse, an der Collectivité de Corse opgaangen.

D'Departement Corse-du-Sud gouf den 1. Januar 1976, als Ausféierung vun engem Gesetz vum 15. Mee 1975, gegrënnt wéi Korsika an zwee gedeelt gouf. Seng Grenzen entspriechen dem fréieren Departement Liamone, dat vu 1793 bis 1811 bestanen huet.

Am Norde grenzt d'Departement un d'Haute-Corse, soss stéisst et iwwerall un d'Mëttelmier.

 Commons: Corse-du-Sud – Biller, Videoen oder Audiodateien