Departement Eure

Vu Wikipedia
Eure (27)
Regioun Normandie
Prefecture Évreux
Ënnerprefecture Les Andelys
Bernay
Bevëlkerung 541 054 Aw.(1999)
Fläch 6 040 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 43
Gemengen 419

D'Eure (27) ass e franséischt Departement, dat säin Numm vum Floss Eure hierhuet. Et gehéiert zur Regioun Normandie

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Departement Eure ass eent vun den 83 Departementer déi wärend der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. Et gouf zesummegesat aus engem Deel vun der Provënz Normandie.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Eure gehéiert zu Regioun Haute-Normandie, a grenzt un d'Departementer Oise, Val-d'Oise, Yvelines, Eure-et-Loir, Orne a Calvados.

Se besteet haaptsächlech aus Plateauen déi vun den Däller vun der Seine an hiren Nieweflësss duerchschnidde ginn.

D'Landschaft ass duerch landwirtschaftlech Aktivitéite markéiert, et gëtt vill Heckelandschaften déi sougenannt Bocages, an ass dat Departement an der Haute-Normandie mat de meeschte Bëscher.

Déi gréisst natierlech Géigende sinn d'Campagne de Saint-André, de Pays d'Ouche, d'Bëscher ëm Lyons-la-Forêt, de Roumois an de Lieuvin. Bekannt ass och nach de Marais Vernier am Parc naturel régional des Boucles de la Seine normande.

D'Departement läit op enger Héicht vun 0 Meter, do wou d'Seine an d'Mier leeft, bis 248 Meter, déi héchst Plaz am Pays d'Ouche.

Déi gréisst Floss am Departement ass d'Seine mat den Nieweflëss Epte Andelle, Eure, Avre, Iton, Risle a Charentonne.

Landwirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

D'Landwirtschaft ass e groussen ekonomesche Facteur an der Eure. 3 850 km², dat si ronn 63 % Prozent vum Departement, si vu landwirtschaftleche Fläche bedeckt. Op deene meeschte gi Fruucht an aner Käre gezillt, an eng ronn 740 km² bestinn aus Laangzäitkulturen, wéi Bongerten oder Bamschoulen.

Brécken[änneren | Quelltext änneren]

Op der Grenz mat dem Departement Seine-Maritime steet d'Bréck vun Tancarville eng vun de gréisste Brécken a Frankräich

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cities and villages in Eure – Biller, Videoen oder Audiodateien