Der Grenzbote
Ausgesinn
Typ | Zeitung |
---|---|
Periodizitéit | 2 Woch |
Éischt Ausgab | 3. Januar 1848 |
Lescht Ausgab | 28. Juli 1848 |
Land | Lëtzebuerg |
![]() |
Der Grenzbote war eng kuerzlieweg lëtzebuergesch Zeitung, déi tëscht dem 3. Januar 1848 an dem 28. Juli 1848 zweemol d'Woch zu Iechternach erauskomm.[1]
Drécker a verantwortleche Redakter war den Drécker, Buchbënner a Bicherhändler Franz Schömann vun Tréier, de Mathias Hardt gouf Redakter.
Et war déi éischt sozialistesch Zeitung zu Lëtzebuerg an déi éischt Zeitung, déi zu Iechternach erauskoum. Si huet sech ë.a. an der Walkampagne fir den Hardt staark gemaach, an, nodeems e gewilet gi war, deem seng Rieden an der Chamber erëmginn.
Den 28. Juli 1848 gouf d'Redaktioun vum Grenzbote mat där vum Volksfreund zesummegeluecht an déi zwou Zeitungen hu fusionéiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Hilgert, Romain, 2004. Les journaux au Luxembourg 1704-2004, Service information et presse, Luxembourg. (Als Pdf an 2 Sprooche fir erofzelueden) (fr)(de), S.59-62.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Hilgert R. (2004) an der Literatur.