Desnié

Vu Wikipedia
Desnié
Den Îlot des Arbres zu Basse-Desnié
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Theux
Koordinaten 50° 27’ 44’’ N 05° 48’ 39’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4910

Desnié ass eng Uertschaft an der belscher Gemeng Theux an der Provënz Léck a Wallounien.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Desnié zur fréierer Gemeng La Reid gehéiert.

D'Uertschaft besteet aus den zwéin Deeler Basse-Desnié an Haute-Desnié. Duerch d'Uertschaft leeft de Ruisseau de Desnié eng Niewebaach vun der Eau Rouge.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Den Tram, e Gebaierkomplex an enger Rei, deen aus der Kierch, dem Paschtoueschhaus an der fréierer Schoul besteet.
  • De Kierfecht mat en ettleche Caveauen a monumentale Griewer, leider vill a schlechtem Zoustand, 5 Commonwealthgriewer vu britteschen Zaldoten déi do am Éischte Weltkrich zu Fagne Marron ëm d'Liewe koumen, an de Pavillon Trasenster deen de Gustave Trasenster, e Schmelzenhär vun der Ougrée-Marihaye, do als Kopie vum Pavillon vun der Kinnigin Jeanne deen zu Baux-de-Provence steet, opriichte gelooss huet.
  • Eng kleng Muttergotteskapell vun 1946 als Merci, well d'Duerf vun der Ardennenoffensiv verschount bliwwe war.
  • Den Îlot des Arbres mat dem Kräiz an der Mëtt

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der Gemeng Theux

Sektiounen: La Reid · Polleur · Theux
Aner Uertschaften: Becco · Bronromme · Desnié · Fays · Hestroumont · Hodbomont · Jehanster · Jehoster · Jevoumont · Juslenville · Marché · Mont · Oneux · Pouillou-Fourneau · Raborive · Rondehaie · Sassor · Sasserotte · Spixhe · Tancrémont (en Deel) · Vert Buisson · Winamplanche