Op den Inhalt sprangen

Desseling

Vu Wikipedia
Desseling
Land Frankräich
RegiounGrand Est
Departement Moselle
ArrondissementSarrebourg-Château-Salins
Kanton Sarrebourg
Postcode 57260
Gemengecode 57173
Koordinaten 48° 47’ 04’’ N
      06° 50’ 41’’ O
Fläch  505 ha
Bevëlkerung  97 (1. Januar 2023)

Desseling ass eng franséisch Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est.

Den 8. September 1973 hat se mat de Gemenge Angviller-lès-Bisping a Bisping fusionéiert fir d'Gemeng Belles-Forêts ze bilden, an där se eng associéiert Gemeng war. 1986 gouf Desseling nees eng eegestänneg Gemeng.

D'Gemeng läit am Parc naturel régional de Lorraine.