Developpement (Vëlo)

Vu Wikipedia

Den Developpement beim Vëlo ass déi Distanz déi e mat engem Vëlo mat engem Pedallentour zeréckleet.

Den Developpement gëtt duerch de Braquet bestëmmt, deen d'Zesummespill vun der Zännzuel vum Plateau (viischt Zännrieder) a vum Pignon (hënneschten Zännkranz) ass. De Braquet bestëmmt zesumme mat dem Ëmfang vum hënneschte Rad den Developpement.

E Braquet ka sou ëmmer nëmmen en Developpement bestëmmen. Par Konter kann en Developpement duerch verschidde Braqueten erreecht ginn.

Am Allgemenge kann e soen datt den Developpement méi grouss gëtt wann:

  • de Braquet méi grouss ass ;
  • de Plateau méi grouss ass ;
  • de Pignon méi kleng ass ;
  • dat hënnescht Rad méi grouss ass ;

De Wiessel vum Developpement gëtt mat engem Changement gemaach.

Am Fall vun engem Changement an der Nuef hänkt de Braquet, deementspriechent net eleng vun der Gréisst vun den Zännrieder of.

D'Resultat[änneren | Quelltext änneren]

  • Mat engem groussen Developpement kann ee mat méi Kraaft a manner Toure méi eng grouss Streck zeréckleeën.
  • Mat engem klengen Developpement brauch ee manner Kraaft, an d'Streck pro Pedallentour ass méi kleng. Sou Developpementer ginn am Biergopfuere gebraucht, well sou de Vëlosfuerer sech u seng Muskelkraaft upasse kann.

Well de Mënsch nëmmen eng gewëssen Tourenzuel pro Minutt dréine kann, an déi och vun engem zum anere verschidden ass, benotze professionell Sportler Braqueten déi all Kéier der Topographie vun der Etapp oder der Course ugepasst ginn.

Dat bescht Verhältnes fir net professionell Sportler sinn Développementer bei deenen en net iwwerméisseg vill Tier dréint. Well den Häerzrythmus duerch d'Tourenzuel matbestëmmt gëtt, benotze vill Vëlostouristen e Bolsmiesser, a si kënne sou kontrolléieren ob se ze séier dréinen oder d'Muskelen ze vill ustrengen.

D'Rechnung[änneren | Quelltext änneren]

Wann de Braquet d'Verhältnes 1 huet, dat heescht wann dat viischt Zännrad souvill Zänn huet wéi dat hënnescht, da leet de Vëlosfuerer bei all Pedallentour eng Streck zeréck, déi dem Ëmfang vu sengem hënneschte Rad entsprécht.

Hei e puer Beispiller mat verschiddene Felgenduerchmiesseren:

Braquet Verhältnes Felgenduerchmiesser
600 mm 700 mm
32 x 28 1,1428 2,15 m 2,51 m
32 x 32 1 1,88 m 2,19 m
52 x 11 4,7272 8,91 m 10,39 m

Bei dësem Beispill gouf nëmmen de renge Felgenduerchmiesser a Betruecht gezunn. Jiddwereen dee seng Iwwersetzunge genee ausrechne wëll, muss dofir den Duerchmiesser vum Rad mat dem montéierte Pneu moossen.

D'Formel ass an deem Fall:



ZK ass d'Zännzuel vum Plateau; ZR ass d'Zänzuel um Pignon; U den Ëmfang vum hënneschte Rad.

Reglementatioun fir Coureuren[änneren | Quelltext änneren]

A ville Länner sinn d'Developpementer déi jonk Coureure kënne benotzen reglementéiert a vir all Klass ass e Maximum festgeluecht.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am FSCL-Reglement sinn déi maximal Developpementer fir d'Jongen an d'Meedercher sou festgeluecht:

  • Minimes (11 - 12 Joer): 5,66 Meter
  • Cadets (13 - 14 Joer): 6,10 Meter
  • Débutants (15 - 16 Joer): 7,01 Meter
  • Juniors (17 - 18 Joer): 7,93 Meter

An Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

  • Minimes (Jongen 13 - 14 Joer): 6,14 Meter
  • Cadets (Jonge 15 - 16 Joer): 6,67 Meter
  • Minimes a Cadets (Meedercher): 6.67 Meter
  • Juniors (1. Joer): 7,93 Meter