Diane Solomon

Vu Wikipedia
Diane Solomon
Gebuer 20. Joerhonnert
Nationalitéit USA
Aktivitéit Museker, Sänger, Lidderschreiwer

D'Diane Solomon ass eng US-amerikanesch Sängerin a Lidderschreiwerin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No engem Ofschloss op der Universitéit vun Oregon, wou se Kommunikatioun an Theaterkonscht studéiert huet, koum si an de fréien 1970er Joren op London well se un der Royal Academy of Dramatic Art studéiere wollt. No engem Optrëtt bei enger privater Feier, wou se Country- a Folk-Lidder gesongen huet, gouf se vun engem Fernseeproduzent vun der BBC ugesprach and huet doropshin e puer Ausgabe vun der Museksendung The Diane Solomon Show[1] bei BBC One moderéiert. Se hat och e puer Optrëtter am brittesche Fernsee an huet véier Albumen op de Maart bruecht.

Si huet Lëtzebuerg als Deel vun engem Sextett beim Eurovision Song Contest 1985 zu Göteborg vertrueden. Mam Lidd "Children, Kinder, enfants" koum d'Grupp mat 37 Punkten op déi 13. Plaz.[2]

No enger zweejähreger, duerch Krankheet bedéngter Paus, huet se an den 1990er Joren ugefaangen, sech fir Ernierung an Homeopathie z'interesséieren. An dëse Beräicher gouf se dunn als Beroderin an hirem Wunnuert a Connecticut aktiv. Se ass awer niewebäi och nach ëmmer als Sängerin a Lidderschreiwerin täteg.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1975: Take Two
  • 1976: Mixed Feelings

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The DIANE SOLOMON SHOW Gearchiveerd op 2013-10-29. Gekuckt de(n) 2012-05-28.
  2. Eurovision Song Contest 1985